Gratis ëffentlechen Transport säit dem 1. Mäerz 2020

FAQ
Wéi koum et zu där Moossnam?

De gratis ëffentlechen Transport fir jiddweree war Deel vum Walprogramm vun den dräi Parteien, déi zanter Oktober 2018 déi nei Regierung bilden. DʼMesure gouf deementspriechend an de Regierungsprogramm opgeholl a gëtt elo ëmgesat.

Wat waren dʼMotiver fir de Projet?

De Projet ass virun allem eng duebel sozial Moossnam, déi engersäits e Plus am Portmonni fir niddereg Akommesse bedeit an anersäits, well mat Steiersue finanzéiert, breet Schëllere méi belaascht wéi schmueler.

Wat fir zousätzlech Käschten entsti fir den ëffentlechen Transport aus dem Verloscht vum ËT-Akommes?

Dat aktuellt Akommes vum ëffentlechen Transport duerch Billjeesverkaf zu Lëtzebuerg beleeft sech momentan op 41 Milliounen Euro dʼJoer. Déi decken ongeféier 8 % vun de Gesamtkäschte pro Joer, déi de Moment bei iwwer 500 Milliounen Euro leien. Dës 8% wäerten also vun 2020 un ewechfalen. Bedenkt een déi Zommen, déi an anere Beräicher, z. B. Infrastrukturen, investéiert ginn, ass dëse Betrag zimmlech kleng a mécht et méi einfach, dʼMesuren zu Lëtzebuerg ëmzesetze wéi an anere Länner. De Verloscht vum Akommes ass am Staatsbudget virgesinn a gëtt wéi all aner Servicer och mat Steiergelder finanzéiert.

Huet Lëtzebuerg als klengt Land net éischter d’Mëttelen, sech sou eng Moossnam ze leeschten, wéi aner Länner?

Wat d’Fläch ugeet, entsprécht Lëtzebuerg tatsächlech éischter engem grousse Ballungsgebitt. Dat mécht den Entscheedungsprozess, dʼFongen einfach ënnert de Leit ze verdeelen oder awer sënnvoll ze investéieren, vill méi einfach.

Wat geschitt, wann dʼwirtschaftlech Situatioun vum Land sech verschlechtert, gëtt dann dʼMoossnam a Fro gestallt?

Sollten dʼfinanziell Mëttele vum Staat knapp ginn, kéim et souwisou zu enger genereller Diskussioun iwwer dʼBudgetsopdeelung. An deem Fall kann een awer dovun ausgoen, datt et bei den Investitiounen an der Mobilitéit net zu Aschränkunge wäert kommen.

A wéi engem Sënn wierkt sech dʼMoossnam op dʼGrenzgänger aus?

Wat den Afloss vun dëser Moossnam op de grenziwwerschreidenden Transport ubelaangt, sinn dʼPräisser no Consultatioun mat den Transportnetzer SNCB, DB an SNCF vun den Nopeschlänner reduzéiert ginn. Mam RGTR-Busnetz ginn dʼPräisser vun der „RegioZone“ och erofgesat. Net nëmmen dʼAwunner solle vun der neier Mesure profitéieren, mee och dʼGrenzgänger.

Firwat goufe grenzno Arrêten a Frankräich, Däitschland an an der Belsch net an déi national Tarifzon opgeholl?

Well de gratis Transport op dat ëffentlecht Transportnetz zu Lëtzebuerg limitéiert ass, muss de „RegioZone“-Tarif vum 29. Februar 2020 un iwwer d’Grenzen eraus bezuelt ginn, och wann dʼGrenzuertschaft ganz no u Lëtzebuerg läit. Esou „Extremer“ géif et awer ëmmer ginn, egal wou eng (méi oder manner arbiträr) kënschtlech Grenz géif gezu ginn. Eng Extensioun op Arrêten no un der Grenz ass grondsätzlech ausgeschloss.

Wäerten déi grenziwwerschreidend Pendler net dʼGrenzdierfer zouparken, fir den ëffentlechen Transport vun do aus ze benotzen?

Mir wäerten dʼSituatioun iwwerwaachen an no engem Joer, d. h. am Mäerz 2021, de Bilan maachen. Ausserdeem wäerten dʼGemengen ofschreckend Moossnamen ergräifen, wéi z. B. Awunner-Parkplazen. Dëst ass och schonn haut de Fall, well dʼLëtzebuerger Tariffer ëmmer ganz niddereg waren.

Wéi gëtt en eventuelle Wuesstum vun de Passagéierzuele gemooss?

Am Tram ginn haut schonn elektronesch zesummegesaten Zielunge pro Mount gemaach. Dëst ass de Moment nach net flächendeckend de Fall an de Bussen an an den Zich; neit Rullmaterial gëtt awer digital esou ausgestatt, datt esou Zielungen an den nächste Jore méiglech sinn. Momentopnamen (z. B. gëschter um 8 Auer am Verglach zu haut um 8 Auer) sinn net zouverlässeg, well vill verschidde Facteuren eng Roll spillen: Wieder, Stau, Annulatioun vun Zich aus dem Ausland, asw. E järleche globale Monitoring (nächsten Datum: Mäerz 2021) ass virgesinn.

Den Transportsystem ass elo schonn iwwerlaascht, wat geschitt, wann nach Benotzer derbäikommen?

Mir huelen un, datt dʼMobilitéitsbedierfnesser bis 2025 ëm 20 % wäerte klammen. Mir sollten dëse Wuesstum kënne konsequent duerch den ëffentlechen Transport ausbauen. Beispiller: Vun Dezember u fiert den Tram an der Stad bis op dʼHaapt-Gare, dat regionaalt Busnetz gëtt bis 2021 komplett reforméiert a wäert dat dichtst an Europa sinn. All dës Verbesserunge motivéieren dʼLeit, op den ëffentlechen Transport ze wiesselen.

Wat sinn déi zukünfteg Aufgabe vum Zuchpersonal, wann dʼBilljeeskontroll ewechfält?

DʼFlichte vum Zuchbegleetpersonal a vum Bedreiwerpersonal ginn ugepasst an ausgebaut, mat Bezuch op Uerdnung a Sécherheet an den Zich, Trammen a Bussen, fir e bessere Service an Informatiounsfloss ze garantéieren. Dëst gëllt och fir dʼPersonal, dat am Verkaf schafft. Billjeeë ginn ëmmer nach an den CFL-Schalteren an der Haapt-Gare an der Stad an zu Esch-Belval verkaaft. Aacht méi kleng Verkafsplaze vun den CFL ginn zougemaach an zwee anerer vun Drëttubidder bedriwwen. Wann e Schalter an enger Gare verschwënnt, ass en CFL Mataarbechter verfügbar fir Cliente ze beroden.

Firwat gouf déi 1. Klass am Zuch bäibehalen?

Déi ënnerschiddlech Zuchklassen (1. Klass an 2. Klass) gi bäibehalen. Zil ass et, engem Groussdeel Clientë vun der 1. Klass weiderhin dee gewënschte Service unzebidden.

DʼInfrastruktur, d. h. dʼOpdeelung vun de Waggonen an 1. Klass an 2. Klass, gëtt  bäibehalen.

Déi 1. Klass wäert weiderhi verrechent ginn

Dëst gëllt och fir grenziwwerschreidend Billjeeën an Abonnementer.

Wat fir Tariffer gëllen dann nach ab dem 29. Februar 2020 an den Zich?

National Ticketen & Abonnementer an der 1. Klass

  • Kuerzzäit-Ticket – 2 Stonnen (1. Kl.): 3 €
  • Laangzäit-Ticket – 1 Dag (1. Kl.): 6 €
  • Mounts-Abonnement – Kuerzstreck (1. Kl.): 37,50 €
  • Mounts-Abonnement – Netz (1. Kl.): 75 €
  • Jores-Abonnement – Kuerzstreck (1. Kl.): 330 €
  • Jores-Abonnement – Netz (1. Kl.): 660 €
  • Jores-Abonnement Senior (≥ 60 Joer) – Netz (1. Kl.): 200 €
 

 

Grenziwwerschreidend RegioZone Ticketen & Abonnementer

  • Kuerzzäit-Ticket – 2 Stonnen – RegioZone 1: 3 €
  • Kuerzzäit-Ticket – 2 Stonnen – RegioZone 2: 5 €
  • Laangzäit-Ticket – 1 Dag – RegioZone 1: 5 €
  • Laangzäit-Ticket – 1 Dag – RegioZone 2: 9 €
  • Mounts-Abonnement – RegioZone 1: 40€
  • Mounts-Abonnement – RegioZone 2: 85€
  • Jores-Abonnement – RegioZone 1: 360€
  • Jores-Abonnement – RegioZone 2: 750€
 
Wéi ass de Respekt fir dʼRullmaterial (Bussen, Zich, Trammen) garantéiert, wann den Transport gratis ass?

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet dʼlegal Basis fir dat entspriechend Verhale vun de Benotzer am ëffentlechen Transport iwwerpréift an ugepasst (Konditiounen, Strofen, ...). DʼBestëmmunge fir Uerdnung a Sécherheet am ëffentlechen Transport hu besonnesch den Zweck, fir illegale Benotzer den Zougang zum ëffentlechen Transport oder en Openthalt an den ëffentleche Verkéiersmëttelen ze verbidden, fir all Form vu Mëssbrauch ze bekämpfen. All Passagéier muss eng gülteg Identitéitskaart oder e gültege Pass kënne virweisen a kann zu all Moment vum ëffentlechen Transport ausgeschloss ginn. Et gëtt och Iwwerleeungen, dʼSanktioune bei Mëssbrauch ze erhéijen a Polizisten am ëffentlechen Transport am Asaz ze hunn.

Wat geschitt mat de Billjeesautomaten?

DʼVerkafsautomaten/Entwäertungsapparater op den Zuchgleise bleiwen erhalen an dʼOffer gëtt ausgebaut.

Déi bis elo opgestallten Automate vun der Tramslinn gi vu Mëtt Mäerz un ewechgeholl.

Woufir ass dʼmKaart nach nom 29. Februar 2020 ze gebrauchen?

Billjeeë fir dʼ1. Klass souwéi Zuch- a Busfaarten am Grenzgebitt kënne weiderhin iwwert dʼmKaart bezuelt ginn. Dozou kommen och Verkéiersservicer wéi den Zougang zum P+R-Belval an all aner zukünfteg P+R-Parkingen, dʼmBox (geséchert Vëlos-Këschten) an dʼChargyen (elektresch Opluetstatioune fir Elektroautoen). Weider gëllt dʼmKaart fir dʼ„CFL Flex Auto-Carsharing“-Offer souwéi fir de Vëlos-Locatiounssystem Vël’OK am Süde vum Land.

Ginn net benotze Billjeeën/Abonnementer rembourséiert?

Nee, sou ee Remboursement ass net virgesinn.

Gëtt et en Internetsite fir weider Informatiounen?

Jo, weider Informatiounen fannt Dir op:

Aktualiséiert