All Land brauch Plazen, wou seng kollektiv Erënnerung erhale bleift. Dat neit Gebai vun den Nationalarchiven um Belval ass e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Identitéit an en Ierwen un déi nächst Generatiounen. Op engem Site, dee fréier fir d'Industrie stoung, verankere mir haut Wëssen, Fuerschung an Innovatioun. D’Lag matten um Belval ass bewosst gewielt, fir eng enk Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an de Fuerschungszentren ze favoriséieren 🔬 🎓 Dësen neie Projet verbënnt modernste Standarde mat eiser Verantwortung fir d'Zukunft: ➡️ Nohaltegkeet an Energieeffizienz ➡️ Méi Plaz a modern Lagerkonditioune fir Dokumenter ➡️ E séchert Doheem fir de lëtzebuergesche Patrimoine 🟧 Moderniséieren & Sécheren Le Fonds Belval Archives nationales de Luxembourg Yuriko Backes Gouvernement luxembourgeois Cour Grand-Ducale Ministère de la Culture, Luxembourg Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg