Topics

Social media

Instagram

Image without description

Éischte Spuetestéch fir den neie Vëloswee tëscht Alzeng an Haassel! Eng rout “voie cyclable suggestive”, also eng Pist déi fir de Vëlo bestëmmt ass, awer net exklusiv fir de Vëlo reservéiert. ➡️ Fir d’Sécherheet vun de VëlosfuererInnen ze garantéieren ass se vum Rescht vun der Fuerbunn mat engem roude Belag getrennt. Mat dësem neien Tronçon gëtt d’PC1 direkt mat der PC11 verbonnen. Dat heescht: geschwë kann een aus der Stad onënnerbrach iwwer Vëlosweeër bis op Réimech fueren! 👍🏼 🚲 gouvernement.lu yurikobackes gemeng_hesper dianeadehm @lambertyclaude westerguy communeweilerlatour mauricegroben