Dron steieren

Eng Dron ass en onbemannt Loftfaartsystem. Drone ginn elo wäit verbreet souwuel fir Fräizäit- wéi och fir professionell Uwendungen agesat. Well Dronen e gewësse Risiko duerstellen (fir d'Sécherheet vum Loftverkéier a vu Leit um Buedem, de Schutz vun der Privatsphär, d'Sécherheet vu sensibelen Zonen), gëllen an Europa gemeinsam Reegelen.

Direktioun fir Zivil Loftfaart (DAC) - Departement UAS (onbemannt Loftfaartsystem) & nei Technologien

Zu Lëtzebuerg bitt d'DAC den Dronebenotzer op hirer Websäit (op Englesch, Franséisch) all méiglech nëtzlech Informatiounen.

Dronebenotzer sinn invitéiert déi verschidden Informatiounen ze consultéiere souwéi och déi heefegst gestallte Froen, déi ënner FAQ Drones (op Englesch, Franséisch) verfügbar stinn.

Aktualiséiert den