Sensibiliséieren Zësumme mobil bleiwen mat Respekt a gudde Reflexer
Keng Hiobsbotschaft, Staus am Stroossereseau sinn näischt Neies hei zu Lëtzebuerg. Dat ass awer och net iwwerraschend, wëssend dass mat enger Besetzung vun 1,2 Persounen pro Gefier all Moien 250.000 eidel Sëtzer an d’Stad kommen, dem Haaptaktivitéitszentrum am Grand-Duché.
Den nationale Mobilitéitsplang - PNM 2035 huet festgestallt, dass, trotz de Virurdeeler vun der Bevëlkerung, d'Majoritéit (80%) vum Traffic am Grand-Duché mat der Bewegung vu Privatautoen a Camionen ze dinn huet, an net duerch de Flux vun de Grenzpendler (deen nëmmen 20% vum Traffic am Grand-Duché duerstellt).
Déi aussergewéinlech Situatioun vun der COVID-19 Kris huet eis gewisen, datt Moyene wéi zum Beispill den Télétravail de Stau op de Stroossen wesentlech reduzéiere kënnen.
Fir net zréck an al Gewunnechten an déi domat verbonne Stauproblemer ze falen, berifft de Mobilitéits- an Aarbechtsministère sech op d'Recommandatioune vun der Regierung andeems en déi folgend Empfehlungen mécht - ouni exhaustiv ze sinn:
> soulaang dëst bannent den operationelle Bedierfnesser vun enger Entitéit erreecht ka ginn:
> amplaz individuell motoriséierte Verkéier, léiwer:
> nieft de Gesondheetsvirdeeler, aktiv Mobilitéit bedreiwen fir:
- den éichte Kilometer / de lëschte Kilometer
- d'Logistik vum lëschte Kilometer ("last mile logistics")
Wat d’Infrastrukture fir d’Vëlosfuerer ugeet, huet de Mobilitéitsministère, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an de Conseillers an urban Planungsberoder, eng Websäit opgestallt fir:
Déi schon uewen ernimmte Verréckelung vun den Haptverkéiersstonnen ass sécherlech eng Reflexioun wäert fir:
Am Fall vu Verkéiersbehënnerungen oder Stau ass et wichteg datt all Stroossebenotzer sech respektvoll a verantwortlech behuelen, fir datt d'Urgence-Gefierer (Ambulanz, Pompjeeën, Police) ënner all Ëmstänn séier op hir Asazplaz kommen!
An deem Kader, zesumme mat der Police an der Sécurité Routière a.s.b.l., mecht de Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten reegelméisseg Präventiouns- a Sensibiliséierungscampagnen.
Am grousse Ganzen gehéieren d'Stroosse jidderengem an d'Chauffeuren ginn encouragéiert héiflech, tolerant a virsiichteg ze sinn an de Code de la route ze respektéieren.
Hei sinn e puer elementar Erënnerungen un déi uewe genannte Regelen a Recommandatiounen:
> Loosst wgl. eng Rettungsgaass fräi
> Blockéiert wgl. keng Kräizungen
- Duerch eng orange oder rout Luut fueren bréngt Iech net méi séier virun!
- Awer d'Blockéiere vun enger Kräizung kann zu Konflikter mat de Rettungsdéngschter (Ambulanzen, Pompjeeën, Police) féieren, well dës dann am Noutfall net méi iwwert d'Kräizungen duerchfuere kënnen... denkt wgl. heidrunn!
> Respektéiert wgl. d'Sécherheetsofstänn
- Campagne "respect my space"
- Halt Iech wgl. un de Sécherheetsofstand zu de Gefirer virun Iech!
- Halt wgl. de säitleche Sécherheetsofstand an (z. B. 1,5 m Ofstand beim Iwwerhuelen vun engem Cyclist).
> Respektéiert wgl. d'Vitesselimitatioune
- Begéinungszonen / Wunnberäicher: maximal 20 km/h oder maximal 30 km/h (Zone 30) - meeschtens Beräicher wou sech Foussgänger / spillend Kanner ophalen... mat 40 km/h oder souguer mat 50 km/h an dësen Zonen fueren ass net nëmmen illegal, mee bréngen Iech och net méi séier virun... awer Är iwwerdriwwe Vitesse ka séier zu Accidenter an Doudesfäll fir Foussgänger féieren!
- Op Autobunnen am Reen: fuert net méi wéi 110 km/h, well de Risiko vum Aquaplaning bei engem Accident fatal ka sinn!
- Radarkontrollen
Aktualiséiert den