Kontakt
Online Formulaire
Fir de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (MMTP) - GD III: Generaldirektioun fir Mobilitéit, Verkéier a Transportinfrastrukturen ze kontaktieren, fëllt wgl. de Formulaire heidrënner aus:
Schutz vu perséinlechen Donnéeën
ALLGEMENGES
D'Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum "Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données" verschafft.
Well de Lëtzebuerger Staat ausser, aus Sécherheetsgrënn, den IP-Adressen aus de Server-Loggen, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.
De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.
De Benotzer ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Verantwortlechen, deen an dësem Fall dat verantwortlecht Organ vum Site ass. De Benotzer kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë vum Organ iwwer d'Mailadress: dpo@tr.etat.lu areechen. De Benotzer kann sech doriwwer eraus fir all Rechtssträit an deem Beräich un d'national Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz L-4370 Belvaux.
KONTAKTFORMULAIRE VUM SITE
D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ beaarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.
Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.
Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt d'Organ op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat.
Zougrëff op Är Donnéeën huet d'Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.
Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.
Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Beaarbechte vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.
Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz L-4370 Belvaux.
Hutt Dir ee Rendez-Vous um Ministère?
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (MMTP) - GD III: Generaldirektioun fir Mobilitéit, Verkéier a Transportinfrastrukturen befënnt sech op Nummer 4, Place de l'Europe zu L-1499 Luxembourg-Kirchbierg (kuckt d'Kaart heidrënner).
Zougang mam ëffentlechen Transport
- Tram:
- Haltestell Kirchberg PHILHARMONIE/MUDAM
- Bus:
- Haltestell Kirchberg ROUT BRÉCK-PAFENDALL
- Zug:
- Haltestell PFAFFENTHAL-KIRCHBERG
Weider Informatiounen ënner mobiliteit.lu
Zougang mam Vëlo
Vëloswee: PC2
Vel’OH Statioun: Nummer 19 PHILHARMONIE
Vëlosparkplazen: niewt dem MMTP, rechts Säit vun der Trap
Urees mam Auto
Parkhäiser: Kirchberg Avenue John F. Kennedy - Parking Place de l'Europe / Kirchberg Rue du Fort Thüngen - Parking Trois Glands
-
Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (MMTP) - GD III: Generaldirektioun fir Mobilitéit, Verkéier a Transportinfrastrukturen
- Adress:
- 4, Place de l'Europe L-1499 Luxemburg-Kirchberg Postadress:L-2938 Luxembourg
- Telefon:
- (+352) 247-82478
- E-mail:
- contact@mmtp.etat.lu
TVA (Taxe sur valeur ajoutée) Nummer
LU15550623
National Matricule
0000 5001 366
Aktualiséiert den