Behënnerteparkerlabnes (PMR)
D’Behënnerteparkerlabnes gëtt, ënner bestëmmte Konditiounen, u Leit ausgestallt déi zu Lëtzebuerg wunnen, deenen hir Behënnerung zu enger reduzéierter Mobilitéit féiert. Mat dëser Parkerlaabness sidd Dir autoriséiert op behënnerte Parkplazen ze parken.
Fir op enger Behënnerteparkplaz ze parken, muss des Kaart gutt siichtbar hannert der Windschutzscheed vum Gefier plazéiert ginn. D'Parkerlabnes gëlt uechter Lëtzebuerg wéi och an allen anere Memberstaaten vun der Europäescher Unioun (EU).
D'Behënnerteparkerlabnes ass eng hellblo Kaart. D'Symbol vum Rollstullbenotzer ass wäiss op engem donkelbloen Hannergrond.
Praktesch Modalitéiten
D'Behënnerteparkerlabnes gëtt durch de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten - Departement fir Mobilitéit an Transport ausgestallt.
Validitéit
D'Validitéit vun der Behënnerteparkerlabnes ass maximal 5 Joer.
All ofgelaaf Kaart muss direkt un de Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten - Departement fir Mobilitéit an Transport zréck geschéckt ginn.
Aktualiséiert den