Führerschäin
All Persounen, déi mat engem Gefier op ëffentleche Stroosse fuere wëllen, mussen e gültege Führerschäin hunn.
E Führerschäin, onofhängeg vun der Kategorie, kann iwwer eng autoriséiert Fuerschoul zu Lëtzebuerg kritt ginn.
D'Prozeduren an d'Konditioune fir e Führerschäin ze kréien, besonnesch de Mindestalter (tëscht 16 an 21 Joer), kënne vun enger Kategorie (vun A bis F) op di aner variéieren.
Fir e Führerschäin ze kréien, mussen d'Bewerber eng theoretesch an eng praktesch Ausbildung absolvéieren. D'Dauer vun der Ausbildung hänkt vun de Fäegkeete vun de Bewerber of a vun der Tatsaach of, ob si schonn e Führerschäin an enger anerer Kategorie hunn.
(op Däitsch) Erwerb des Führerscheins
Ministère
De Minister, dee fir den Transport zoustänneg ass,
stellt auss:
- Führerschäiner;
- Duplikater a Verlängerunge vu Führerschäiner;
- Parkkaarte fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit (PMR);
an iwwerwaacht:
- Punkten op Führerschäiner;
- Sträitfäll iwwer Führerschäiner;
- medezinesch Froen am Zesummenhang mat Führerschäiner.
Aktualiséiert den