Dreck laanscht d'Stroossen
Den allgemengen Trend, einfach Dreck leien ze loossen, geet glécklecherweis zréck. Zumindest zu Lëtzebuerg. D'Natur gläicht awer dacks nach ëmmer enger oppener Dreckskëscht.
Eleng am Joer 2022 huet d'Lëtzebuerger Stroossebauverwaltung Ponts & Chaussées bal 37 Tonne (!) vun all Zorte vun Dreck vum lëtzebuergeschen Autobunnsnetz gesammelt.
Also jo, vläicht ass et d'Schold vun engem aneren op den Autobunnen. Déi Auslänner, déi d'Land duerchfueren an sech net ëm d'Schéinheet vun de groussherzogleche Landschafte këmmeren. Awer eng kuerz Fro: Wien verschmotzt eis Stroossen a Landweeër, eis Parkplazen, ëffentlech Plazen, Wander- a Vëlosweeër? D'Äntwert ass kloer, well mir si warscheinlech all e bësse verantwortlech. En einfachen Zigarettestëmp, e pabeiers Nuesschnappech, e Parkticket. Och déi onschëllegst Geste sinn duer. Et ass d'Akkumulatioun vu "klenge Saachen", déi an der Mëtt vun eise Mierer landen.
Op der Strooss no engem Besuch op enger Tankstell, virum Fast-Food-Restaurant, am Bësch, am Floss no enger Party oder souguer um Fussballsterrain nom Spill - Dreck fënnt een iwwerall.
Een eenzegen Zigarettenstëmp geet duer...
Aktualiséiert den