Mobiliteit.lu: Wouhi wëllt Dir fueren?
D'Internetsäit mobiliteit.lu oder di mobil App mobiliteit.lu, verfügbar am App Store (IOS) oder Google Play (Androïd), erméiglecht et dem Notzer, aus méi Optioune fir die gewënschte Rees auszewielen, woubäi de Notzer iwwer verschidde Critèren informéiert gëtt, wéi z.B.:
- d'Verkéiersmëttel;
- d'Fuerzäit;
- d'Käschten;
- d'Distanz;
- an d'Ëmweltbelaaschtung.
Fir Clienten a Mataarbechter an Echtzäit iwwer d'Reeszäite vum ëffentlechen Transport an hirer Géigend z'informéieren, kënnen d'Patronen oder d'Manager vun engem ëffentleche Gebai en dynameschen Display mat de Reeszäite vum ëffentlechen Transport am Aganksberäich vun hirem Gebai installéieren.
Nodeems den Display mat Internetuschloss op Käschte vum Proprietär montéiert gouf, iwwerhëlt d'Administratioun vum ëffentleche Verkéier (ATP) gratis d'Uweise vun de relevanten Daten.
Aktualiséiert den