Sensibiliséierungscampagne "Sidd siichtbar" fir d'Sécherheet vun deenen am meeschte vulnérabel Leit am Stroosseverkéier

Mat der Arrivée vum Hierscht a Wanter, charakteriséiert duerch wanterlech Wiederkonditiounen, ass et entscheedend d'Sécherheet vun deenen am meeschte vulnérabel Leit am Stroosseverkéier ze erhéijen, besonnesch Foussgänger, Vëlosfuerer an Trottinettfuerer. De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten lancéiert an Zesummenaarbecht mat der "Sécurité Routière ASBL" an der Police Grand-Ducale d'Sensibiliséierungscampagne "Sidd siichtbar", déi all Stroossebenotzer drun erënnert, wéi wichteg et ass, reflektéierend Kleedung an Accessoiren ze droen an dorun erënnert dass Chauffeuren an dëser Joereszäit besonnesch oppasse mussen.

Statistike weisen, datt en däischter gekleete Foussgänger fir e Chauffer nëmme vu 25 Meter an der Däischtert ze gesinn ass, wouduerch d'Distanz duerch déif Sonn, Niwwel oder Reen nach méi reduzéiert gëtt. Mat reflektéierenden Accessoiren ass eng Persoun awer vu bis zu 140 Meter Distanz ze gesinn, wat de Risiko vun engem Accident wesentlech reduzéiert.

D'Campagne gëtt an de folgende Medien verbreed:

  • Radiospotten;
  • Plakater op Stroosseschëlter am nationale Stroossennetz;
  • Plakater op RGTR Bussen an am Tram;
  • Plakater op ëffentleche Parkplazen;
  • Posts an de soziale Medien;
  • Reklammen op mobilen Apps;
  • Reklammen op Websäiten;
  • Reklammen am Kino.

 

Praktesch Rotschléi fir d'Sécherheet op eise Stroossen ze verbesseren:

  • Zu Fouss:
    • Drot hellfaarweg Kleeder oder Kleeder mat reflektéierenden Elementer fir 360° siichtbar ze sinn.
    • Benotzt liichtend oder retroreflektéierend Objeten op Ären Accessoiren, Poschen oder Prabbelien.
    • Gitt a Richtung vum Traffic op Landstroossen an drot den obligatoresche Sécherheetsgilet.
    • Drot der Geschwindegkeet an der Distanz vun de Gefierer déi entgéint kommen Rechnung. Vergewëssert Iech datt Dir kloer gesi gitt.
    • Dot Ärem Déier e reflektéierenden Halsband un.
  • Sportler:
    • Drot reflektéierend Armbänner a Kleeder mat agebaute reflektéierenden Elementer.
    • Ausserhalb vun den Agglomeratiounen ass d'Droen vun engem Sécherheetsgilet obligatoresch op der Strooss.
  • Mam Vëlo oder der Trottinett:
    • Maacht Är Luuchten un a kontrolléiert datt se dem Code de la route entspriechen.
    • Kontrolléiert den Zoustand vun Äre Bremsen an installéiert Reflektoren op Ärem Vëlo oder Ärer Trottinett.
    • Drot en Helm a gëeegent Kleeder mat reflektéierenden Elementer.
  • Mam Auto:
    • Schalt Är Luuchten un, respektiv Niwwel Luuchten, wann d'Konditioune et verlaangen.
    • Kënnegt Är Manöveren mat Zäit un.
    • Passt Är Geschwindegkeet un a verséchert Iech datt d'Fënstere vun Ärem Gefier propper sinn.
    • Drot de potenzielle Feeler vu Foussgänger an anere vulnérabele Benotzer Rechnung.

 

Fir eis Stroossen am Wanter méi sécher ze maachen, musse mir all eis Fuergewunnechten upassen fir besonnesch déi Vulnérabelst ze schützen.

Visuel

Video

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, der "Sécurité Routière ASBL" an der Police Lëtzebuerg

Aktualiséiert den