Bikebox - geséchert Vëlosstatiounen

Infrastruktur

Aktive mobiliteit

Multimodal

Déi sécher bikebox-Vëlosstatiounen maachen d'Multimodalitéit vill méi einfach, virun allem den Iwwergang tëscht Bus-, Tram- an Zuchverbindungen, a reduzéiere gläichzäiteg de Risiko vu Vol a Vandalismus.

Am Moment sinn 73 bikebox-Vëlosstatiounen am ganze Land, dovunner 63 bei CFL-Garen. Zousätzlech sinn nei Statiounen geplangt fir d'Offer komplett ze maachen.

Wéi kréien ech Zougang zum bikebox Reseau vu Vëlosstatiounen?

De Gebrauch vun de bikebox-Vëlosstatiounen ass gratis. Fir Zougang ze kréien, bestellt w.e.g. Äre perséinleche Schlëssel. Den Zougangsschlëssel gëtt Iech gratis per Post geschéckt.

Besëtzer vun enger mKaart mat schonn aktivéierten Zougang zu der Bikebox (fréier "mBox") kënnen de Service weider benotzen bis d'Validitéit ofleeft.

Aktualiséiert den