Mobilitéitspläng fir Administratiounen an Entreprisen mConcept.lu
D'Haaptinstrument vum mConcept ass d'Schafe vu Mobilitéitspläng fir Administratiounen an Entreprisen. Dësen Tool gëtt als e Schlësselelement vum Mobilitéitsmanagement ugesinn an ass verfügbar fir all Patronen déi nohalteg Mobilitéit vu Leit a Wueren am Zesummenhang mat hiren Aktivitéite wëlle fërderen.
Dem mConcept seng Approche zielt dorops, d'Thema vun all Aarbechtsreesen op eng global an integréiert Manéier unzegoen, duerch eng Rei vu konkrete Moossname fir déi deeglech Reese vun de Benotzer vun engem Site ze rationaliséieren a méi ëmweltfrëndlech Transportmëttelen z'entwéckelen.
mConcept besteet also doranner, d'Faarte vun de Mataarbechter vun enger Firma unzepassen, mat der Absicht, de Gebrauch vun hirem Privatauto ze reduzéieren an de Gebrauch vum nohaltegen Transport ze fërderen.
De Service mConcept, ënnerstëtzt vun den ëffentlechen Autoritéiten, baséiert virun allem op der Sensibiliséierung vun alternativen Transportmëttelen duerch Informatioun a Kommunikatioun. Dozou gehéiere sougenannte „mëll“ Moossnamen, déi dacks op enger Reorganisatioun vun den Transportmëttele baséieren, a fërdert ënner anerem follgend Moossnamen:
- d'Benotze vu Vëloen;
- d'Benotze vun ëffentleche Verkéiersmëttelen a P+R-Anlagen;
- d'Upasse vun den Aarbechtszäiten;
- d'Réckele vum Wunnsëtz méi no bei d'Aarbechtsplaz;
- d'Optimisatioun vun der Gefierflott;
- d'Grënnung vun engem Carsharing-Service;
- d'Matfuergeleenheeten (Covoiturage/Carpooling).
Kontakt
MMTP - Service Mobilitéitsplanung
Tel.: (+352) 247-84983
E-Mail: pme@mmtp.etat.lu
Aktualiséiert den