Eurocap-Rail

Grenzüberschreitend

Bahntransport

Beschreiwung vum Projet an Interêt fir Lëtzebuerg

De Projet Eurocap-Rail soll déi dräi europäesch Haaptstied, Bréissel, Lëtzebuerg a Stroossbuerg iwwert d’Schinn matenee verbannen.

Den Haaptintressi fir Lëtzebuerg ass eng Verbesserung vun der Eisebunnsstreck op Bréissel, där hir aktuell Exploitatioun vill Nodeeler opweist an dowéinst net erlaabt eng méi performant Qualitéit unzebidden. Dëst soll, sou wäit et méiglech ass, als Verlängerung vum Deelstéck Stroossbuerg - Lëtzebuerg vun der Streck "TGV Est-Européen" bis op Bréissel realiséiert ginn. Dëse Projet ass eng einfach Verlängerung vum "TGV Est-Européen".

Den 1. Oktober 2003 huet d‘Europäesch Kommissioun d’Lëscht vun de prioritäre Projeten am Beräich vun den transeuropäeschen Transportreseaue festgehalen. Dës Propose, déi och de Projet EuroCap-Rail beinhalt, ass vum Conseil vun den europäeschen Transportministeren de 5. Dezember 2003 ënnerstëtzt ginn.

Bréissel huet oder wäert Héichgeschwindegkeets-Zuchverbindunge mat Paräis, London, Amsterdam a Köln/Frankfurt hunn.

Lëtzebuerg ass duerch en Héichgeschwindegkeetszuch op Paräis a Stroossbuerg ugebonnen an esouguer op Lyon an op d’Côte d’Azur.

Wat d’Sektioun Bréissel-Lëtzebuerg ugeet, ass dës Streck op Lëtzebuerger Säit mat 25kV50Hz Wiesselstroum nei elektrifizéiert ginn. Dat neit Stellwierk zu Klengbetten gouf a Betrib geholl. Dee leschte Projet gouf vun der Europäescher Kommissioun subventionéiert.

An der Belsch gouf d’Streck tëschent der Grenz an Namur komplett moderniséiert a mat 25kV50Hz Wiesselstroum nei elektrifizéiert. Siwe Kéiere goufen entschäerft fir d'Streckegeschwindegkeet ze erhéijen. D’Aarbechten tëschent der Belsch-Lëtzebuerger Grenz a Libramont an tëschent Ciney an Namur sinn ofgeschloss. De Gleisplang an der Gare zu Ciney gouf aktualiséiert. Den Ament si Moderniséierungs- a Sécherheetsaarbechten tëschent Libramont a Grupont an tëschent Haversin a Ciney ginn aktuell duerchgefouert.

Dës Aarbechte gi suivéiert vun engem Monitoring-Comité, deen zweemol am Joer soll zesummekommen.

D’CFL an d’SNCB sinn amgaangen eng Etude iwwert de Betrib vun der Streck nom Ofschloss vun de Bauaarbechten ze maache fir méi attraktiv Fuerzäiten tëschent Bréissel a Lëtzebuerg virzeginn.

Zum letzten Mal aktualisiert am