Nei Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg
D’Neibaustreck tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg gesaït de Bau vun engem neien zweegleisegen Deel mat enger Längt vu ronn 7 km ouni Tëschenarrêt vir. Vum zukünftegen Echangeur Houwald un, kräizt d'Linn fir d'éischt d'Autobunn A3, südlech vum Échangeur Gaasperecher Kräiz a geet weider westlech vun der Autobunn virun a Richtung Beetebuerg. Nërdlech vun der Aire de Berchem verléisst d’Neibaustreck d’Autobunn, déi se westlech ëmfiert. Sie féiert dann ënnert der Nationalstrooss RN31 erduerch, ier se déi bestoend Streck Lëtzebuerg – Beetebuerg am Uelzechtdall mat engem Saut-de-mouton iwwerbréckt. Dono verlafen déi nei an déi besteeënd Streck niefteneen bis zur nërdlecher Entrée vun der Gare Beetebuerg.
De Projet ëmfaasst de Bau vun enger Serie vun hydrauleschen Ouvragen a Brécken, vun deenen der zwee erausstiechen. Den éischten Ouvrage (OA14) befënd sech op der Kräizung mat der Autobunn A3, südlech vum Houwald, an den zweeten (OA05 an OA06) genannt "de Saut-de-mouton", steet op der Kräizung mat der besteeënder Eisebunnslinn nërdlech vu Beetebuerg. D’Kräizung vun dësen zwou Eisebunnsstrecken erfuerdert och nach eng Verschibung vun der besteeënder Streck ëm ongeféier 30 Meter a Richtung vum alen Tracé.
De Projet berécksiichtegt d’Contrainten, déi duerch aner Projete bestinn, wéi beispillsweis de Pôle d’échanges Houwald, d’Verbreedung vun der Autobunn A3 op 2x3 Spueren, d’Vergréisserung vun der Aire de Berchem, d‘Reamenagement vum Echangeur (RN31) zu Léiweng, d‘Ofschafung vun der Barrière (PN4a) an der rue Lentz zu Beetebuerg, déi zukünfteg multimodal Plattform zu Beetebuerg an dat neit Stellwierk an der Gare Beetebuerg.
Schlësselzuelen
- D'Käschte vum Projet belafen sech op 292.013.570 Euro hTVA (Index 730,85 vum 1. Abrëll 2013).
- 52 ha Gesamtfläche musse kaaft ginn.
- Déi nei Streck erlaabt eng maximal Vitesse vun 160 km/Stonn.
- Zousätzlech zu der Eisebunnsplattform mat sengen Equipementer wéi Gleiser, Catenairen a Signaler, enthält de Projet folgend Elementer (keng komplett Lëscht):
- 1 befuerbare Souterrain
- 1 Iwwerféierung (saut-de-mouton)
- 1 Eisebunnsbréck
- 4 Stroossebrécken
- 6 hydraulesch Bauwierker
- 13 Opfangbassénger
- 1 Wëldbréck
Objektiver
De Projet vun der neier Eisebunnsstreck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg ass Deel vun der Ëmsetzung vun der Strategie Modu 2.0 an dem IVL (Integratives Verkehrs- und Landesentwicklungskonzept), déi en integréiert Mobilitéitskonzept ëmsetzen an d’Erausfuerderungen a Saache Mobilitéit a Klimachangement bis 2020-2030 uginn.
D'Schafe vun effikasse Mobilitéitskette mat enger Optimiséierung vun den Ëmsteigsméiglechkeeten, déi et méiglech maachen déi verschidden Transportmëttelen ze kombinéieren an d‘Benotzung vum ëffentlechen Transport ze encouragéieren, si wichteg Elementer vun dëser Strategie, déi den Undeel vum ëffentlechen Transport op 25% eropsetze wëllt. D'Konzept baséiert op dräi Pilieren:
- dem lëtzebuerger Eisebunnsreseau, deen d’Haaptoder vum System duerstellt;
- dem Tram, dem Bus, den Autoen an de Vëloen, déi d'Verdeelungs- an Transportkanäl duerstellen;
- de Pôles d’échanges, déi d‘Ëmsteigsplattformen duerstellen.
Et geet also drëm, eng reell Complementaritéit tëschent ëffentlechem Transport, individuellem Transport an doucer Mobilitéit ze schafen. D'Haaptmesure vun der Eisebunnsinfrastruktur betreffend d'Südachsen ass ouni Zweifel d'Verdueblung vun der Eisebunnslinn tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg.
Well déi besteeënd Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Beetebuerg saturéiert ass, wäert den neien Eisebunnsprojet d'Kapazitéit vum Eisebunnsreseau tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg däitlech erhéijen, sou datt:
- eng méi effizient Verbindung vum Süde vum Land un d‘Quartiere vun der Haaptstad, déi am Moment developpéiert ginn, wéi beispillsweis den Houwald, garantéiert ass;
- souwuel d'Offer vu grenziwwerschreidende Relatioune mat der Lorraine, wéi och international Relatiounen (TGV) verbessert ginn;
- de Gidderverkéier erliichtert gëtt, dat heescht den Transport vu Wueren, tëscht Däitschland an de Benelux-Länner mat Frankräich, der Schwäiz an Italien.
Aktuellen Zoustand
D’Finanzéierungsgesetz ass de 16. Oktober 2014 op Basis vun engem APD gestëmmt ginn.
D’Marchéen, déi de Genie-civil betreffen, sinn attribuéiert ginn. Just d’Eisebunnsequipementer mussen nach ausgeschriwwe ginn.
D’Aarbechte vun der Ofholzung goufen iwwer méi Etappen am Januar/Februar 2015, am Wanter 2015/2016, am Wanter 2016/2017 an am Wanter 2017/2018 duerchgefouert.
Am Joer 2016 goufen archeologesch Ausgruewungen um ganzen Tracé duerchgefouert.
D’Bauaarbechten hunn Enn 2015 ugefaangen.
Follgend Ouvragen / Platetorme goufe realiséiert:
- De Souterrain OA16 deen Accès op den Eisebunnsdräieck zu Beetebuerg gëtt. Den Ouvrage gouf nieft de Gleiser opgeriicht. Wärend dem Weekend vun Allerhellegen 2016 goufen d’Gleiser gespaart an no Terrassementsaarbechte konnt den Ouvrage op seng definitiv Positioun bruecht ginn.
- D'Stroossebréck OA11 iwwert déi zukünfteg Zuchstreck souwéi och iwwert seng Verbindungsstrooss.
- D'Stëtzmauer bei der Aire de Berchem.
- D'Plattform um Deelstéck 3 op enger Längt vun 2,2 Kilometer.
- D'Iwwerféierung (OA5 an OA6) an déi hydraulesch Ouvragen, déi dozou gehéieren, souwéi och d'Réckele vun der besteeënder Zuchstreck an der Entrée vu Beetebuerg.
- D'Wëldbréck, déi de Fennerholz op béid Säite vun der Autobunn A3 verbënnt, datt hei Déieren zirkuléiere kënnen.
- D'Stroossebrécken OA12 an OA13, déi iwwert déi zukünfteg Zuchstreck an iwwert d’Autobunn A3 féieren, fir de Passage vum CR158, respektiv fir de Passage vu Foussgänger, Vëloen a Baueren, an déi besteeënd Bréck OA1024 südlech vun der OA14, ersetzen.
Den Ament si follgend Aarbechten amgaangen:
- De Bau vun der Plattform vum Deelstéck 2 mat der Konstruktioun vum Passage OA7, déi d‘Eisebunn ënnert der Nationalstrooss N31 erduerch zirkuléiere léisst. Um Tracé vun der Plattform musse stramm Aschlëss an Honnerte vu Schottersailen agebaut gi fir den Terrain, op deen déi zukünfteg Gleiser leie kommen, ze verbesseren. De Stroossentrafic op der N31 gëtt ëmgeleet fir de Bau vun der Bréck OA7, wou grad d’Blindageaarbechten amgaange sinn. Di grouss Terrassementsaarbechten an déi hydraulesch Ouvragen OH8 an OH9 hunn Ufank 2023 ugefaangen. D'Deelstéck 2 erstreckt sech iwwer eng Längt vun 1,8 Kilometer.
- D'Plattform vum Deelstéck 4 op enger Längt vun 2,3 Kilometer beinhalt d’Konstruktioun vun der Bréck OA15, déi engersäits als Unterführung déngt, fir de befuerbaren Accès an de Bësch tëschent der Autobunn A3 an der zukünfteger Eisebunnsstreck, an anerersäits als hydrauleschen Ouvrage, deen de Passage vun der Doulemerbaach erméiglecht.
- D'Eisebunnsbréck OA14, och nach "Bowstring" genannt, féiert iwwert d’Autobunn A3. Déi verschidde metalle Stécker goufen am Atelier prefabrizéiert an duerno mat Spezialtransporter op de Site bruecht an op der Plaz zesummegebaut. Dëse markanten Ouvrage gouf op engem Weekend am Oktober 2022 vun der Plattform, op där en zesumme gebaut gouf, op seng definitiv Positioun geréckelt. Duerno goufen d’Stempele versigelt an den Tablier betonéiert. Den Ouvrage wäert am Laf vum Joer 2023 fäerdeg ginn.
- De Vëloswee 103 an der Entrée vu Beetebuerg. Am Abrëll 2023 gouf eng metallesch Foussgängerbréck iwwer d'Uelzecht geluecht, fir de PC103, deen aus der rue Valérie Strecker-Steffen zu Beetebuerg op den PC1 op der Kockelscheier op der Héicht vum Hesper Schéissstand, fir de Summer 2023 ze verbannen.
Déi éischt punktuell Kompensatiounsmesurë goufe scho geholl, wéi zum Beispill d’Opstelle vu Këschte fir Flanterdéieren an Hieselmais, souwéi d’Emsiedlung vun Amphibienpopulatiounen.
D’Wëldbréck gëtt komplett no de Recommandatioune vu spezialiséierte Büroen an der Naturverwaltung amenagéiert.
D’Ëmgestaltung vun engem bal 9 Hektar grousse Gebitt, an der Géigend vun der Wëldbréck, duerch d’Reutilisatioun vum ausgegruewene Buedem beim Bau vun der neier Eisebunnsstreck, ass ofgeschloss. Nodeems fruchtbare Buedem driwwer geschott gouf, gëtt di gesamt Fläch mat Bësch an Hecke beplanzt, sou datt alles bei d’Wëldbréck passt.
Nächst Etappen
Bei Gleisspärungen wärend de Kollektivcongéen 2024, 2025, 2026 an 2027, gëtt déi bestoend Eisebunnsstreck (ABS) an der Sortie Beetebuerg provisoresch deplacéiert, duerno un d’Neibaustreck ugeschloss (2026) fir 2027 op hir definitiv Positioun geluecht ze ginn.
Vu September 2023 un, kann de Marché fir EAM (Enterprise asset managment, Gestion d’actifs d‘entreprise) ufänken.
Ufank 2024 wäert de leschte Marché vun der Plattform (Deelstéck 1) ufänken, deen d’Gare Beetebuerg mam Deelstéck 2 verbënnt.
Déi progressiv Mise en Service vun der neier Streck ass fir Enn 2026 virgesinn.
Pläng a Fotoen
Situatioun
Archeologesch Ausgruewungen
-
Vergréisseren CFL-archeo-01-800-thumb.jpgEroflueden CFL-archeo-01-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-archeo-02-800-thumb.jpgEroflueden CFL-archeo-02-800-thumb.jpg
OA05 und OA06
OA11
-
Vergréisseren CFL-OA11-00-plan-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA11-00-plan-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA11-01-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA11-01-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA11-02-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA11-02-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA11-03-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA11-03-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA11-04-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA11-04-800-thumb.jpg
OA12
-
Vergréisseren CFL-OA12-00-situation-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA12-00-situation-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA12-01-plan-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA12-01-plan-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA12-02-axe-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA12-02-axe-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA12-03-coupe-autoroute-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA12-03-coupe-autoroute-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA12-04-coupe-voie-ferree-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA12-04-coupe-voie-ferree-800-thumb.jpg
OA16
-
Vergréisseren CFL-OA16-01-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA16-01-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA16-02-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA16-02-800-thumb.jpg
-
Vergréisseren CFL-OA16-03-800-thumb.jpgEroflueden CFL-OA16-03-800-thumb.jpg
Aktualiséiert den