Preventiounscampagne zugonschte vun der Stroossesécherheet an der Saison vun de Klappjuegten
De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, zesumme mat der Stroossesécherheet asbl, der Federatioun Saint-Hubert vun de Jeeër aus dem Groussherzogtum Lëtzebuerg asbl an der Groussherzoglecher Police, hunn decidéiert dëse Freideg, den 13. Oktober 2023 eng Preventiounscampagne ze lancéieren, mam Zil, all Stroossebenotzer ze sensibiliséieren fir extra opmierksam ze sinn an der Saison vun de Klappjuegten, déi dëst Joer de 14. Oktober ufänkt a bis de 17. Dezember 2023 dauert.
Wärend der Saison vun de Klappjuegte ginn Automobilisten encouragéiert nach méi opmierksam um d'Rand vun der Strooss ze sinn, virun allem wa Stroosseschëlter warne mam Risiko vu Wëldwiessel an deementspriechend hir Geschwindegkeet sollen upasse wa se duerch eng Bëschgéigend fueren.
Am Fall wou een e wëllt Déier op der Strooss begéint, ass et recommandéiert d'Geschwindegkeet ze reduzéieren, ze tuten an d'Luuchten unzeschalten.
Opgepasst: D'Liichtintensitéit vun de Luuchte kann Déiere stéieren. Och wëll Déiere reesen dacks a Gruppen.
Wann eng Kollisioun onvermeidbar ass, soll een ënner kengen Ëmstänn probéieren d'Déier ze vermeiden. Tatsächlech ass et unzeroden d'Steierrad fest mat zwou Hänn ze halen, wärend een d'Streck an enger riichter Linn weiderfueren an eng Noutbremsung ausféiere soll.
All Datumer a Plaze vun de Klappjuegten sinn op dem geoportail.lu ze consultéieren.
Dës Campagne fänkt dëse Samschdeg, de 14. Oktober 2023 un a gëtt um Radio, op de sozialen Netzwierker souwéi op den digitale Bildschirmer an de Busser vum RGTR-Reseau gewisen.
Kommunizéiert vum Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, a Verkéierssécherheet asbl an der Federatioun Saint-Hubert vun de Jeeër vum Grand-Duché de Luxembourg asbl
Dernière modification le