Perséinlecht Fortbeweegungsmëttel (EDP)

Stroosseverkéier

Chauffer

Aktive mobiliteit

Fahrzeug

Perséinlecht Fortbeweegungsmëttel (EDP)

E perséinlecht Fortbeweegungsmëttel (EDP) ass e ganz klengt, individuellt Fortbeweegungsmëttel ouni Elektromotor. Et ka mat oder ouni Guidon oder Sëtz equipéiert sinn.

Déi heefegst Geräter sinn:

  • Skateboards
  • Trottinetten
  • Rollschong.

    Geräter mat Rieder an enger bauartbedéngter Héchstgeschwindegkeet vu bis zu 6 km/h déi fir Kanner bestëmmt sinn, gëllen och dann als perséinlech Fortbeweegungsmëttel, wann se iwwer e klengen Elektromotor verfügen:
  • Hoverboard;
  • Kannerauto.

Wou kann ech mat mengem EDP fueren?

Wann een e perséinlecht Fortbeweegungsmëttel benotzt, gëtt een als Foussgänger ugesinn.

Dat perséinlecht Fortbeweegungsmëttel ass dofir erlaabt:

  • op dem Trottoir;
  • an anere Beräicher déi fir Foussgänger geduecht sinn;
  • op Weeër déi mat engem Verkéiersschëld fir Rollschung gezeechent sinn.

Wéi eng Reegele muss ech mat mengem EDP verfollegen?

Beim Fueren um Trottoir däerf d'Vitesse am Fousstempo (<3,6 km/h) net iwwerschratt ginn, fir anerer net ze stéieren.

Foussgänger hunn absolut Prioritéit.

Et ass verbueden:

  • Transport vu Leit;
  • Ofschleefen;
  • en anert Gefier ofschleefen.

Aktualiséiert den