Infrastrukture fir Loftfaart

Infrastruktur

Lofttransport

De Fluchhafen Lëtzebuerg, heiansdo einfach Findel genannt , ass e Fluchhafen e puer Kilometer nordëstlech vun der Stad an der Uertschaft Findel zu Sandweiler, dohier säin Numm . En ass iwwer d'Autobunn A1 z'erreechen a vun de Linne 6 a 16 vun de Stader Bussen (AVL) souwéi vun der Linn 1 vum Luxtramsnetz desservéiert.

Et ass deen eenzegen internationale Fluchhafen am Land. En déngt als Basis fir déi national Fluchgesellschaft Luxair an déi international Cargo-Firma Cargolux.

Am Beräich vun de Passagéierflich zerwéieren déi verschidde Fluchgesellschaften, déi um Fluchhafen etabléiert sinn, vill Destinatioune vu Lëtzebuerg. De Flugplang vu lux-Airport erlaabt d'Zäite mat den mat den Departen an den Arrivéeën vun engem Fluch z'iwwerpréiwen, dee vum Fluchhafe Lëtzebuerg fort flitt oder ukënnt.

Wat de Giddertransport ugeet, gehéiert de Findel Fluchhafen zu de wichtegsten europäesche Frachtfluchhäfen (kuckt Statistiken am Joresbericht vun der Fluchhafefirma lux-Airport S.A.)

De Fluchhafen huet nëmmen eng Pist, 06/24 orientéiert a 4.000 x 60 Meter laang.

Nieft dem internationale Fluchhafe sinn den Näertrénger an den Useldenger Fluchhafen zwee Fluchhafen, déi fir d'Fräizäit-Loftfaart geduecht sinn, an de Gemenge Wënseler am Norden an Useldeng am Weste vum Grand-Duché.



 

  • Haaptadresse

    Aéroport de Luxembourg - Findel

    Adress:
    4, rue de Trèves L-2632 Luxembourg-Findel
    Luxembourg

Aktualiséiert den