Eisebunnstransport vu Passagéier

Rechter vun de Passagéier

D’Benotzer kënnen hir Rechter gülteg maachen am Fall vu Verspéidungen oder Annulatiounen vun Zich.

Zënter 2007 fixéiert d‘europäesch Reglementatioun d‘Indemnitéiten op déi d’Passagéier, ënner bestëmmte Konditiounen, an internationalen Zich Urecht hun. D’Passagéier hunn e Recht:

  • entweder op d’Bezuelen vun enger Indemnitéit vu 25% vum Präis vum Billjee am Fall vun enger Verspéidung tëschent 60 an 119 Minutten an op 50% am Fall vun enger Verspéidung vun 120 Minutten oder méi;
  • oder op de Remboursement vum ganzen oder engem Deel vum Präis vum Billjee wann en Zuch annuléiert gëtt oder am Fall vun enger viraussiichtlecher Verspéidung vu méi wéi 60 Minutten oder wann sie hir Rees net untrieden oder net weiderféieren wëllen;
  • oder op eng Assistenz oder eng Erfrëschung am Fall vun enger viraussiichtlecher Verspéidung vu méi wéi 60 Minutten an souguer op d‘Iwwerhuelen vun den Iwwernuechtungskäschten oder enger alternativer Transportméiglechkeet wann et net méiglech ass de selwechten Dag mam Zuch weider ze reesen.

Et gëtt kee Recht op Indemnisatioun fir national a grenziwwerschreidend Trajeten. Dëst gëllt fir:

  • Verbindungen tëschent 2 lëtzebuerger Garen;
  • Zuchverbindunge tëschent enger lëtzebuerger Gare an enger Gare an der Groussregioun (Saarland, Rheinland-Pfalz, belsch Provënze vu Lëtzebuerg a vu Léck, franséisch Loutrengen).

Aktualiséiert den