Verkéierspreventiounscampagne fir d'Sécherheet an de Stroossentunnellen ze fërderen
De Ministère fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten huet zesumme mat der Stroossebauverwaltung an der Sécurité routière a.s.b.l. eng nei Verkéierspreventiounscampagne lancéiert fir d'Sécherheet an de Stroossentunnellen ze fërderen.
Am Stroossennetz zu Lëtzebuerg sinn eng ganz Rei Tunnellen, dovun 8 méi laang wéi 500 Meter a 4 souguer méi laang wéi 1500 Meter. D'Stroossebenotzer kënne mat aussergewéinleche Situatioune konfrontéiert sinn, déi eng entspriechend Reaktioun erfuerderen. D'Campagne konzentréiert sech op d'Verhalen, dat d'Stroossebenotzer solle weisen, wa se duerch en Tunnel fueren. De Passage duerch en Tunnel ka Geforen duerstellen, wann déi entspriechend Verhalensreegele bei der Ukënnegung vun engem Stroossentunnel a bannent engem Tunnel net befollegt ginn, virun allem wéinst dem méi niddrege Liichtraumverhältnis par Rapport zu enger normaler Strooss an dem Wiessel vun natierlecher op kënschtlecher Beliichtung.
D'Zil ass et, Chauffeure vu motoriséierte Gefierer op déi speziell Konditiounen an engem Tunnel ze sensibiliséieren andeems verschidde Situatioune, mat deenen d'Stroossebenotzer konfrontéiert kënne ginn, presentéiert ginn.
D'Campagne besteet aus dräi Kuerzfilmer vun 30 Sekonnen a Broschüren, déi d'Chauffeuren encouragéiere fir déi richteg Reflexer ze weisen am Fall vun engem Stau, engem Accident, enger Pann oder souguer engem Feier an engem Tunnel.
Aktualiséiert den