Gidderzuch
De Gidderzuch ass e gënschtegt an ëmweltfrëndlecht Transportmëttel. E stéisst däitlech manner CO2 aus wéi den Stroossentransport oder d‘Aviatioun.
Zum Beispill, fir eng Unitéit (Semi-Remorque oder Container) vun 21 Tonnen vu Lëtzebuerg op Le Boulou (spuenesch Grenz) ze transportéieren, wieren d'CO2-Emissiounen:
- 256 kg pro Zuch oder 63.480 kg fir 1 ganzen Zuch (40 Unitéiten);
- 1.843 kg op der Strooss;
- ± 11.000 kg pro Fliger.
Eisebunnsfrachtentreprisen, wéi CFL multimodal bidden integréiert Dier-zu-Dier Servicer un.
CFL cargo akzeptéiert Wueren vun an a Richtung:
- Lëtzebuerg: Beetebuerg;
- Däitschland: Rostock & Kiel a weider a Richtung Skandinavien iwwert de Miereswee; Passau a weider op Halkali (Tierkei);
- Belsch: Antwerpen & Zeebrugge a weider a Richtung Groussbritannien a Skandinavien iwwert de Miereswee;
- Frankräich: Nanzeg, Paräis, Le Boulou, Lyon, Sète;
- Italien: Trieste a weider an d‘Tierkei iwwert de Miereswee;
- Spuenien: Le Boulou – op der Grenz tëschent Frankräich a Spuenien;
- Polen: Poznan.
Technesch Charakteristiken vum intermodalen Terminal zu Beetebuerg-Diddeleng:
- 3 Portique-Kraner;
- 4 Gleiser fir kombinéierte Verkéier mat enger Längt vun 700 m pro Gleis;
- 2 Plattforme fir d’Eisebunnsautobunn vu jeweils 700 m.
Den Eisebunnstransport ass besonnesch gëeegent fir Transporter ausserhalb vum Gabarit. Eisebunnsfrachttransport ka méi einfach déi speziell Ufuerderunge vun exzeptionnellen Transporter erfëllen duerch manner Restriktiounen a méi héich Geschwindegkeet.
Extra laang Produkter, déi iwwert d‘Schinn transportéiert ginn, sinn:
- Rotorblieder fir Wandmillen (bis 49 m);
- Poutrellen aus extra-laangem Eisen (bis 60 m);
- Schinnen (bis 108 m).
Aktualiséiert den