Giddertransport

Am Schinnegiddertransport, gëtt en Ënnerscheed tëschent konventionellem Schinnegiddertransport a kombinéiertem Transport gemaach, an deem verschidden Transportmëttelen benotzt gi fir d'Gidder ze transportéieren:

  • Eisebunn;
  • Stroosseverkéier;
  • Banneschëfffaart.

De kombinéierten Transport huet haaptsächlech als Objektiv den Eisebunnstransport ze promouvéieren, awer och d'Stroossen ze entlaaschten an d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

Lëtzebuerg läit geographesch am Häerz vun Europa. Déi nei multimodal Plattform zu Beetebuerg verbënnt de Stroosse- mam Schinnereseau a lackelt vill Giddertransportentreprisen un, besonnesch wat den Asaz vun der Schinnenautobunn ugeet.

Aktualiséiert den