Praktesch Modalitéiten
Fir eng séier Bearbechtung vun Ärer Demande ze garantéieren, invitéiere mir Iech, déi folgend Instruktiounen gutt duerchzeliesen an Schrëtt fir Schrëtt ze suivéieren:
Erstellt e MyGuichet-Konto.
Erstellt Ären "Espace professinnel" op MyGuichet.
Sicht Dir no der Prozedur “TAXI C01 : nscription à la séance d'information et obtention de la carte de conducteur de taxi"
Fëllt de Formulaire aus, ënnerschreift en elektronesch a gitt all néideg Dokumenter dobäi.
Passt op, datt all verlaangt Dokumenter liesbar, komplett a vollstänneg agereecht ginn.
Et geet net duer just déi éischt Säit vun engem Dokument eropzelueden.
All Dokument muss als een eenzege PDF-Fichier agereecht ginn.
Bezuelen vun der Taxe d’instruction
D’Demande fir d’Chauffeurskaart ënnerläit enger net remboursabeler Instruktiounstax vun 50 €, déi enger Taxe de Timbre entsprécht.
D’Bezuelungsbeweis muss obligatoresch den Numm a Virnumm vum Demandeur an d’Nummer vun der Umeldungsprozedur enthalen.
Montant: 50 €
Bankkoordinaten:
Kontoinhaber: TS-CE MDDI DEPART. TRANSPORTS
IBAN: LU65 1111 7055 3453 0000
BIC: CCPLLULL
Kommunikatioun: Numm + Virnumm + Nummer vun der Umeldungsprozedur
Finaliséierungsfristen
D’Prozedur muss an engem Delai vu 2 Méint ab dem Datum vun der initialer Demande ofgeschloss ginn. Am aanere Fall gëtt se ouni weider Suite zougemaach.
Traitement vun der Demande
Soubal Dir Är Demande agereecht hutt, gëtt se vun eise Servicer analyséiert.
Wann Ären Dossier onkomplett oder net recevabel ass, kritt Dir eng Notifikatioun iwwer MyGuichet.
Wann Äre Dossier recevabel ass, kritt Dir eng schrëftlech Invitatioun (ongeféier 10 Deeg virun der Séance) op d'Adress geschéckt déi dir an der Demande uginn hutt. Eng Kopie gëtt och un Ären Exploitant geschéckt.
Datum vun der nächster Séance
Déi nächst Formatiounsséance ass fir den 13. Januar 2026 geplangt.
Well d’Plaze limitéiert sinn (25 Participanten), ginn d'Umeldungen an der Reiefolleg vun der Komplettheet vun de Dossieren enregistréiert. D’Demande ginn an der Reiefolleg vun hirer Empfang veraarbecht.
Wann een Dossier wéinst feelende Stécker oder falschen Informatiounen nach muss verbessert oder ergänzt ginn, kann et sinn, datt d’Umeldung fir dës Séance net agehale ka ginn.
Et ass also staark ugeroden, all Dokumenter komplett a korrekt anzereechen, fir all Retard bei der Traitement ze vermeiden.
Ausstellung vun der Chauffeurskaart
D’Chauffeurskaart gëtt bannent ongeféier zwou Wochen no der Participatioun un der Informatiounsséance ausgestallt an dem Demandeur per Recommandé zougeschéckt.
De Ministère informéiert och den Exploitant per E-Mail, datt säi Kandidat d’Chauffeurskaart krut.
Aktualiséiert den