SCHLËSSEL-ZUELEN

Strategie

Auslaaschtung vun den Autoen

250.000 fräi Autossëtzer kommen all Moien (tëscht 06:00 an 10:00 Auer) an d'Ballungsgebitt vun der Stad Lëtzebuerg. D'Besetzungsquot läit bei 1,16 Persoonen pro Won fir d'Awunner vu Lëtzebuerg a bei 1,22 Persounen pro Won bei de Grenzgänger. (Luxmobil-Ëmfro 2017 (Pdf, 653 Kb)).

Modal split 2017

  • 69% vun den Deplacementer goufen mam Auto gemaach;
  • 17% vun de Reesenden hunn ëffentlech Verkéiersmëttel genotzt;
  • 12% vun de Persounen waren zu Fouss ënnerwee;
  • 2% vun de Persounen si mam Vëlo gefuer.

Extern Käschten - Extern Gewënner (Cent pro Persoun pro Km)

Extern Käschten (an Cent pro Persoun pro Km), di dem Staat an der Allgemengheet entstinn, z. B. a Form vun Ëmwelt- an Akzidentskäschten:

  • Foussgänger a Vëlosfuerer = 5,20 Cent
  • Auto = 3,44 Cent
  • Eisebunn = 3,14 Cent
  • Bus = 3,12 Cent

Extern Gewënner a Form vu manner héigen Gesondheetsdepensen (fir all, déi dee Gesondheetssystem finanzéieren): Foussgänger a Vëlosfuerer = 12,11 Cent pro Persoun pro Km. Fir all Kilometer, deen eng Persoun zu Fouss geet oder mam Vëlo fiert, spuert si der Gesellschaft also 6,91 Cent un Depensen.

Infrastrukturen

  • Autobunnen: 167 Km (Ponts et Chaussées, 2024); 
  • Nationalstroossen: 853 Km (Ponts et Chaussées, 2024); 
  • "Chemin repris"-Stroossen: 1.873 Km (Ponts et Chaussées, 2024);
  • Aner Stroossen: 19 Km (Fonds Kirchbierg, 2022); 
  • Haapteisebunnstrecken: 630 Km ("Chemins de fer luxembourgeois - CFL", 2024); 
  • National Vëlosweeër: 632 Km (Ponts et Chaussées, 2022);
  • Tramsreseau a Betrib: 16 Km, mat 24 Arrêten, dovunner 10 Pôles d'Echangen (Luxtram, 2025).

Aktualiséiert den