Modu 2.0 - Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit (2018) | modu2.lu "Mobilitéit zesummen erreechen"

Nohalteg Entwécklung

Mobiliteit

Strategie

D'Aktualiséieren vun der Strategie fir nohalteg Mobilitéit "Modu 2.0", déi den 23. Mee 2018 vum Regierungsrot guttgeheescht gouf, gouf den 29. Mee 2018 vum "Ministre du Développement durable et des Infrastructures" der Ëffentlechkeet presentéiert.

D'Prinzipien hannert der "MoDu" Strategie vun 2012 sinn nach lieweg (d'Multimodalitéit an d'Verstäerkung vum ëffentlechen Transport an di aktiv Modi), d'Strategie "Modu 2.0":

  • stellt di geleeschte Fortschrëtter säit 2012 an Evidenz;
  • liwwert aktuell Zuelen;
  • fixéiert Ziler fir den Horizont 2025;
  • integréiert rezent technologesch Fortschrëtter;
  • assuréiert d'Kohärenz mat neie globalen an nationale Strategien (Accord de Paris sur le Climat, Troisième Révolution Industrielle);
  • baut d'Strategie mat engem Mobilitéits-Toolkit aus;
  • adresséiert sech méi explizit un di véier Acteure vun der Mobilitéit, dat sinn:
    • d'Bierger;
    • d'Gemengen;
    • d'Employeuren an d'Educatiounsetablissementer;
    • de Staat.

Effektiv, ee vun den Haaptmessage vum "Modu 2.0 - Mobilitéit zesummen erreechen" ass: wärend de Staat weider de Retard befreffend d'Infrastrukture ophëllt, kënnen déi dräi aner Mobilitéitsacteuren (Bierger, Gemengen, Patronat) eng Rei vu konkrete Moossnamen ëmsetzen, déi d'Mobilitéit och kuerz- a mëttelfristeg méi agreabel, effizient an ekonomesch maachen. "Modu 2.0" ergänzt de Projet vum Plan sectoriel transports, sou wéi dee vun der Regierung de 27. Abrëll 2018 virgeluecht gouf.

D'Dokument "Modu 2.0 - Mobilitéit zesummen erreechen" ass a fënnef Deeler opgedeelt:

  1. D'Mobilitéitszuele wéi se ervir ginn aus der Luxmobil Haushaltsëmfro "enquête ménages Luxmobil" vun 2017 (Pdf, 653 Kb), aus verschiddenen aktuellen Mobilitéitsëmfroen an aus där lafender Etude iwwert d'Käschten an d'Virdeeler vum Landtransport am Grand-Duché;
  2. D'Ziler fir den Horzont 2025 wat de Modal Split ugeet, d'Gefierbeleeung an de Spëtzenzäiten an d'Servicequalitéit vum ëffentlechen Transport (kuckt "Ziler" an der Rubrik heidrënner);
  3. Eng Mobilitéitskëscht mat ronn 50 konkrete Moossnamen, déi di véier Mobilitéitsacteuren (Bierger, Patronat a Schoulen, Gemengen, Staat) kënnen ëmsetzen, wa se dat wëllen;
  4. Ee Resumé vun de wichtegste Projete aus dem Landtransport, déi zënter 2012 duerchgefouert oder nach geplangt sinn.
  5. D'Illustratioun vun der Planungsmethod, mat där Lëtzebuerg vun enger Logik vum Rattrapage op eng Logik vun der Erwaardung ka wiesselen andeems et, wéi d'Schwäiz, fir den Horizont 2035 e Konzept vun der nohalteger Mobilitéit entwéckelt, dat mat de Wuesstemszenarie a finanzielle Mëttele vum Land konsequent ass.

D'Brochure kënnt mat sechs Plakater, déi verschidde Schlësselmessagen illustréieren.

Dës Dokumenter kënnen op Däitsch oder Franséisch erofgeluede ginn. D'Broschür an d'Plakater a Pabeierversioun (op Franséisch an Däitsch) kënnen per E-Mail op folgender Adress bestallt ginn: presse@tp.etat.lu.

 

Ziler

Dat strategescht Zil fir 2025 ass de Stau während de Spëtzestonnen ze reduzéieren, an dobäi 20% méi Leit ze transportéieren wéi 2017. Dëst Gesamtzil ass opgedeelt a véier spezifesch quantifizéiert Ziler, déi zu aneren Ziler am Zesummenhang mat der Mobilitéit, wéi Stroossesécherheet, Inklusioun, Loftqualitéit, Dekarboniséierung, Landesplanung an déi Drëtt Industrierevolutioun, bäigefüügt ginn.

Zil 1: Modal split vun den Aarbechtsweeër

Aktiounen:

  • D'Zuel vun de Passagéier an den ëffentlechen Transportmëttelen duerch zousätzlech CFL-Infrastrukturen an d’Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau ëm 50 % erhéijen.
  • 95% vun den Aarbechtsweeër, déi méi kuerz ewéi 1 km sinn (56% am Joer 2017), zu Fouss zeréckleeën.
  • 10 % vun den Aarbechtsweeër, déi méi kuerz ewéi 5 km sinn (5% am Joer 2017), mam Vëlo zeréckleeën.
  • Fir déi aner 65% vun den Aarbechtsweeër, déi mam Auto zeréckgeluecht ginn, ass eng allgemeng Verbesserung vun de Verkéiersstréim méiglech, wann den Occupatiounstaux vun dësen Autoen de Seuil vun 1,4 Passagéier pro Auto iwwerschreit.

Als Verglach: Ouni Wuesstem géingen déi uewe genannten Aktiounen 2025 zu Undeeler vu jeeweils 26% fir déi ëffentlech Transportmëttelen, 42% fir d’Autoschaufferen, 17% fir d’Autospassagéier, 5% fir d’Vëloen an 10% fir d’Strecken, déi zu Fouss zeréckgeluecht ginn, féieren.

 

Zil 2: Occupatiounstaux vun den Autoen

Aktiounen:

  • Den duerchschnëttlechen Occupatiounstaux fir d’Aarbechtsweeër op 1,5 Persoune pro Auto erhéijen (1,2 am Joer 2017). Dëst entsprécht "zwou Persounen an all zweetem Auto".

Zil 3: Modal split vun de Schoulweeër

Aktiounen:

Wann dat laangfristegt Zil soll sinn, datt sämtlech Schüler – mat Ausnam vun de 5% Schüler mat ageschränkter Mobilitéit oder Jonker, deenen hir Schoul nëmme mam Auto zougänglech ass – zu Fouss, mam Vëlo oder mat den ëffentlechen
Transportmëttelen an d’Schoul ginn, kënne folgend Aktioune scho bis 2025 duerchgeféiert ginn:

  • 75% vun de Schoulweeër, déi méi kuerz ewéi 1 km sinn (58% am Joer 2017), zu Fouss zeréckleeën.
  • 15% vun de Schoulweeër, déi méi kuerz ewéi 5 km sinn (3% am Joer 2017), mam Vëlo zeréckleeën.
  • 50% vun den Trajeten an d’Grondschoul (29% am Joer 2017) mam Bus zeréckleeën a 77% vun den Deplacementer an de Secondaire mam Bus oder mam Zuch zeréckleeën (70% am Joer 2017).

Zil 4: Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport

Aktiounen:

  • Manner ewéi 1 Zuch op 100 ausfale loossen. (2017 ass 1 Zuch op 40 gestrach ginn.)
  • D’Zuel vun den Zich, déi sechs Minutten oder méi Verspéidung hunn ëm 25% reduzéieren (am Verglach zu 2017).
  • Dofir suergen, datt d’Faartdauer vun den Express-Busser tëschent dem éischten Arrêt an der Endstatioun wärend de Stousszäite méi kuerz ass ewéi déi vun de Privatautoen.

 

Déi 4 Acteure vun der Mobilitéit

Den Haaptmessage vun dësem Update vun der nationaler Strategie Modu 2.0 ass, datt d’Mobilitéit am Grand-Duché nëmmen dann
nohalteg a bannent engem raisonnabelen Delai ka verbessert ginn, wa sämtlech ëffentlech a privat Acteuren eng ganz Rei konkret
Aktiounen duerchféieren. An dësem Kapitel ginn esou Aktioune virgeschloen an de véier Acteure vun der Mobilitéit dem folgende
Faarweschema no zougeuerdent:

  • D’Employeuren an d’Bildungsariichtunge (rout) sinn d’Haaptdestinatioune wärend der Stousszäit moies an den Ausgangspunkt vun den Deplacementer wärend de Spëtzestonnen owes.
  • De Bierger (orange) ka fräi tëschent verschidde Fortbeweegungsmëttele wielen a seng Gewunnechte vun Zäit zu Zäit a Fro stellen.
  • De Staat (blo) leet de gesetzleche Kader fest. Duerch d’Raumplanung, d’Investissementer an d’Transportinfrastruktur an d’Offer am ëffentlechen Transport gëtt en d’Richtung fir d’Entwécklung vun der Mobilitéit un.
  • D’Gemenge (gréng) gestalten den ëffentleche Raum, deen dann d’Residenten encouragéiert, e bestëmmt Fortbeweegungsmëttel engem anere virzezéien.

Ëffentlech regional Konferenzen

De Minister huet d'Strategie "Modu 2.0" mam Public op 4 ëffentleche regionale Konferenzen diskutéiert:

  • Mëttwoch, den 30. Mee 2018 um 19:00 Auer am Trifolion zu Iechternach;
  • Dënsdeg, de 05. Juni 2018 um 19:00 Auer an der Abtei Neimënster an der Stad;
  • Mëttwoch, de 19. Juni 2018 um 19:00 Auer am Cube 521 zu Marnech;
  • Mëttwoch, de 26. Juni 2018 um 19:00 Auer an der Maison du Savoir um Belval.

 

Audio a Videoen

Déi véier Videoen hei ënnen illustréieren e puer vun de Messagen, déi an der "Modu 2.0" Broschür erkläert ginn. Opgeholl ouni geschwat Messagen awer mat Texter op Däitsch a Franséisch geschriwwen, sinn dës Videoe geduecht fir während Konferenzen zum Thema Mobilitéit ze benotzen.

Video 1: D'Acteure vun der Mobilitéit

Dëse Film stellt d'Acteure vun der Mobilitéit vir: Bierger, Patronen (a Lycées-Direkteren), Gemengen an de Staat (vertrueden duerch e Mobilitéitsplaner).

Den éischten Deel vum Film weist e puer vun den aktuellen Schwieregkeeten aus der Siicht vum Benotzer: Verkéiersstéierungen, Stau an Zuchverspéidungen souwéi déi doraus resultéierend Verspéidungen vun de Lycéesschüler a Mataarbechter.

Den zweeten Deel illustréiert e puer Beispiller vun Initiativen, déi déi verschidden Akteuren kéinten huelen fir d'Situatioun ze verbesseren: d'Zuchverspéidungen duerch Sanéierung vun der Gare ze reduzéieren, de Covoiturage duerch d'Patronen z'encouragéieren, eng Reflexioun iwwer d'Zäitpläng vu bestëmmte Lycéeën an d'Mesure vun der Stadplanung zugonschte vun alternativen Transportmëttelen.

Play YouTube video, see caption below

Modu 2.0 - Les acteurs de la mobilité / Die Akteure der Mobilität (Vidéo YouTube)

Video 2: Spëtzestonnen geréieren

Dëse Film weist e puer Weeër wéi d'Patronen an hir Mataarbechter kënnen (wann hire spezifesche Kontext et erlaabt) derzou bäidroe fir de Stau op de Stroossen an de Spëtzestonnen ze reduzéieren: Parkplazmanagement favorabel fir de Covoiturage (mat, wa passend, fräi Plaz fir méi produktiv Notzung), flexibel Aarbechtszäiten, Participatioun um järlechen ëffentlechen Transportabonnement "mPass", alternativ finanziell Ureizer fir de geleasten Auto, Teleaarbecht – kuerz, e puer vun den typesch Elementer vun engem Mobilitéitsplang fir e Betrib.

Video 3: Den ëffentleche Raum nei entwéckelen

Dëse Film weist e puer vun den urbanen Planungsinstrumenter, mat deenen eng Gemeng d'Leit encouragéiere kann zu Fouss a mam Vëlo (aktiv Mobilitéit) fir kuerz Deplacementer ze benotzen an esou de Stau an d'Stroosseverkéier ze reduzéieren.

An dësem Beispill mécht d’Gemeng sech Suergen iwwert d’Gefor, déi duerch déi sëllechen Elterenautoen virun der Primärschoul entsteet. D’Gemeng iwwerdenkt dann de Layout vun hiren ëffentleche Plazen duerch kuerz a sécher Weeër fir Foussgänger a Vëlosfuerer opzebauen, duerch d’Reorganisatioun vun de Parkingen an den ëffentleche Plazen (ouni d’Bedierfnesser vun de lokalen Entreprisen ze vernoléissegen), duerch d’Verkéiersberouegung an de Wunnstroosse etc.

Video 4: Méi Mënschen amplaz vill Gefierer beweegen

Mam Beispill vun enger bestëmmter Autobunnsachs als Ënnerstëtzung (datselwecht Beispill dat am Kapitel 5 vun der Broschür erkläert gëtt), weist dëse Film op eng vereinfacht Manéier mat wéi enger Approche de Staat elo wëlles déi verschidden Transportkorridore ze analyséieren. proposéieren an de kommende Joren e kohärent Konzept fir nohalteg Mobilitéit bis 2035.

De Film weist, datt wann aus der Siicht vum Benotzer, deen sech all Dag am Stau befënnt, den einfachen Zousaz vun de Verkéiersstroossen déi offensichtlech Léisung schéngt, eng Analyse vun den Transportnetzwierker an zukünftege Mobilitéitsbedürfnisser zu engem anere Conclusioun ze kommen. Dës Conclusioun wäert spezifesch si fir all analyséierte Korridor, d'Zil ass net dat eent oder anert Transportmëttel ze favoriséieren, mee fir zukünfteg Nofro ënner gudde Konditiounen ze erfëllen.

An enger Zeen aus dem Film gëtt d'Evolutioun vun dëser Demande fir de betraffene Korridor duerch eng opsteigend Kurv illustréiert. Fir eng Alternativ zu Stau ze bidden, muss déi proposéiert Offer dës Nofro mat genuch (awer net exzessiv) Kapazitéitsreserven iwwerschreiden.

Nieft dëser Kapazitéitskonditioun ginn et nach aner Critèren, déi selbstverständlech net all an esou engem kuerze Video illustréiert kënne ginn, virun allem d’Notzung fir de Benotzer attraktiv Reeszäiten tëscht hiren Haaptorigin an Destinatiounen ze bidden.

Aktualiséiert den