Vëlo/E-Bike (Pedelec25)
Vill Cyclisten kennen de Vëlo als Fräizäit- oder Sportgerät. Mee de Vëlo ass och e Mëttel fir Mobilitéit an Transport.
De Vëlo ass ideal fir kuerz Distanzen an erlaabt einfach Deplacementer duerch Multimodalitéit (Zougang zu: Bus, Zuch, Funiculaire, Tram).
Ausserdeem huet de Vëlo e positiven Effekt op d'Gesondheet an dréit zum Ëmweltschutz bäi.
E Vëlo am Sënn vum Verkéiersreglement (Code de la route) dierf souwuel op Stroossen wéi och op Vëlosweeër benotzt ginn.
De Pedelec25 ass och e Vëlo am Sënn vum Verkéiersreglement (Code de la route) an erlaabt eng elektresch Hëllef bis zu 25 km/h.
E Pedelec25 ass mat engem elektreschen Hëllefsmotor mat enger kontinuéierlecher Nominalkraaft vu manner oder gläich mat 250 Watt ausgestatt, vun deemd'Energieversuergung ënnerbrach gëtt wann de Cyclist ophält mat pedaléieren, a sech reduzéiert an dann ënnerbrach gëtt wann d'Vitesse vum Vëlo 25 km erreecht.
E Pedelec25 erfuerdert keng Umeldung a ka souwuel op Stroossen wéi och op Vëlosweeër benotzt ginn.
De folgende Video illustréiert den Text hei uewen:
Aktualiséiert den