Infrastrukture fir Mikro-Mobilitéit
Wann een e perséinlecht Fortbeweegungsmëttel (EDP) benotzt, gëtt een als Foussgänger ugesinn.
Ënner Beuechtung vun anere Leit, déi a Beräicher fir Foussgänger ënnerwee sinn, ass en EDP dofir erlaabt:
- um Trottoir;
- op engem Zebrasträifen;
- an enger Foussgängerzon;
- an engem Wunngebitt;
- an enger Begéinungszon;
- an engem gemeinsam beontotzte Beräich "shared space";
- op Weeër, déi mat engem Verkéierszeeche fir Rollschong gekennzeichnet sind.
Wann ee mat engem Mikroelektresche Gefier (MVE) ënnerwee ass, gëtt een als Vëlosfuerer ugesinn.
Vun 10 Joer un kann een an ab 13 Joer muss een op deene fir Vëlo virgesinne Plaze fueren, soss op de Stroossen.
Kanner ënner 10 Joer däerfen op Trottoiren an aner Beräicher fueren, déi fir Foussgänger designéiert sinn, soulaang se de Foussgänger Prioritéit loossen.
Verschidde Gemengen am Land hunn och ee Skatepark (google-maps-Sich) ageriicht, fir d'Mikro-Mobilitéit als Spaß oder Sport praktizéieren ze kënnen.
Aktualiséiert den