Bus
Linnen
Busser zerwéieren de gréissten Deel vum Lëtzebuerger Territoire.
Et ginn 3 Kategorien von Buslinnen:
- urban Linnen an der Stad an der Südregioun (AVL, TICE);
- regional Linnen déi déi verschidde Plazen am Land verbannen (RGTR, CFL-Busser);
- grenziwwerschreidend Linnen (RGTR).
Et ginn och occasionell Servicer a speziell Servicer fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit (PMR).
D'Buslinnen an d'Arrêten kann een um geoportail.lu gesinn.
Fuerpläng
Kuckt oder luet d'Fuerpläng op mobiliteit.lu erof.
Déi mobil App mobiliteit.lu ass am Apple Store oder op Google Play verfügbar.
Gratis
Zënter dem 1. Mäerz 2020 ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg am ganze Grand-Duché gratis, sief et mam Bus, Zuch (mat Ausnam vun der 1. Klass) oder mam Tram.
Dës Moossnam gëllt fir Awunner, Grenzaarbechter an Touristen.
Et gëtt Remisen op Abonnementer op grenziwwerschreidend Linnen.
Aktualiséiert den