Gratis Mobilitéit D'Kiischt um Kuch als Deel vun eiser Gesamtstrategie fir eng multimodal Revolutioun
Op Initiativ vun der Regierung ass Lëtzebuerg zanter dem 1. Mäerz 2020 houfreg dat 1. Land op der Welt ze sinn an deem den ëffentlechen Transport gratis ass fir all Transportmëttel, sief et den Tram, den Zuch (mat Ausnam vun der 1. Klass) oder de Bus, an dat um ganzen nationalen Territoire.
Dës Moossnam gëllt fir Awunner, Grenzaarbechter an Touristen.
De Vizepremier a Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, François Bausch, mengt datt systematesch a kontinuéierlech Investitiounen e sine qua non si fir d'Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport ze fërderen. D'Wiel, d'Punktualitéit an d'Qualitéit vun de Servicer, déi ugebuede ginn, sinn essentiell fir d'Bierger ze encouragéieren hir Gewunnechten z'änneren an den ëffentlechen Transport anstatt den Auto ze favoriséieren.
Dës Parametere kënnen nëmmen duerch e multimodalt Transportkonzept (modu2.lu) an de PNM 2035 - Nationale Mobilitéitsplang (pnm2035.lu) verbessert ginn:
No der Planungsphase sinn déi meescht Projeten ënner dësem Konzept elo amgaang:
- systematesch Erweiderung vun der Kapazitéit vum nationale Schinnennetz;
- duerch d’Verdueblung vun der aktueller Unzuel vun de Park-and-Ride(P+R)-Parkplazen (virun allem un de Grenzen, fir déi 200.000 Grenzaarbechter, déi all Dag op Lëtzebuerg reesen) eng Verbindung ze bidden;
- Echtzäitinformatioune fir Passagéier;
- eng komplett Ëmstrukturéierung vum nationale Buslinnereseau an de Wiessel op alternativ Propulsiounstechnologie fir d'Flott bis 2030;
- eng Erhéijung vun der Unzuel vun den Opluetstatioune fir Elektroautoen am ganze Land, déi um Enn op 1.600 Unitéite kommen;
- en homogeent Netz vu Vëlospisten;
- Erweiderung vun de regionalen Tramslinnen;
- d’Notzung vun enger zukünfteger drëtter Spuer op eisen Autobunne fir Covoiturage a Bussen;
- ...
All dës Projete sinn um Wee a sinn Deel vun eiser multimodaler Offer.
"D'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport ass eng wichteg sozial Moossnam. Dëst ass d'Kiischt um Kuch als Deel vun eiser Gesamtstrategie fir eng multimodal Revolutioun. Ofgesi vun deem Aspekt wëlle mir all déi Leit begréissen, déi schonn d'Wiel vum ëffentlechen Transport gemaach hunn", sot de François Bausch.
Aktualiséiert den