PNM 2035 - Nationale Mobilitéitsplang (2022) | pnm2035.lu Buch - Pousteren - Video - Ëffentlech Presentatiounen
Nom Start vun der Multimodaler Strategie Modu 2.0 am Mee 2018 an dem Erfolleg vun der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport am Groussherzogtum Lëtzebuerg am Mäerz 2020, huet de François Bausch, Vizepremier, Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, de PNM 2035 - Nationale Mobilitéitsplang wärend enger internationaler Pressekonferenz de Freideg 22. Abrëll 2022 virgestallt.
Den innovativen PNM 2035 - Nationale Mobilitéitsplang proposéiert e globalt Konzept dat fäeg ass 40% zousätzlech Deplacementer am Verglach zum 2017 ze geréieren. En implementéiert di vun der Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit Modi 2.0 recommandéiert Approche, nämlech:
- vun enger Logik vum Rattrapage op eng Logik vun der Anticipatioun vun der zukünfteger Mobilitéitsfuerderung ze wiesselen;
- fir d'éischt d'Zuel vun de Leit festzeleeën, déi op eng bestëmmte Plaz musse goen, an dann déi Transportmëttelen, déi am Kontext passend sinn, verstäerken;
- an zum Schluss déi véier Acteuren an der Mobilitéit mobiliséieren, also de Staat, d’Gemengen, d’Patronat an d’Bierger.
De François Bausch, Vizepremier a Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, huet och den PNM 2035 am Kader vun 10 ëffentleche Presentatiounen dem Public presentéiert. Luet d'Presentatioune vun de verschiddene Plazen erof (heidrënner bei "Méi dozou"). Déi ëffentlech Versammlungen goufen op Lëtzebuergesch mat enger simultan Iwwersetzung op Franséisch an Englesch presentéiert (Simultaninterpretatioun vum Collectif Interpretes.lu).
Buch - Plakater (op Däitsch, Englesch, Franséisch)
Lued d'Buch PNM 2035 - Nationaler Mobilitätsplan erof (.pdf)
Lued d'PNM 2035 - Plakater erof (.pdf)
Bestellt eng Printversioun vum PNM 2035 (Buch+Plakater)
Institutiounen (Ingenieur-Büroen, Firmaen, Verwaltungen, ...), déi eng gréisser Stéckzuel Bicher wëlle bestellen, schécke wgl. eng E-Mail un communication@mmtp.etat.lu, mat folgenden Informatiounen:
- Stéckzuel Bicher an der gewënschter Sprooch (DE, EN, FR);
- Gronn fir Är Spezial-Bestellung "grouss Stéckzuel";
- Numm vun Ärer Institutioun
- Ären NUMM a Virnumm, Är Funktioun.
Livestream-Opzeechnunge sinn op eisem YouTube-Kanal MMTP Luxembourg disponibel.
Produktioun a Livestream vu FreeLens / Simultan Iwwersetzunge vum Collectif Interpretes.lu
Video
Aktualiséiert den