CHNS - Héichleeschtungskorridor
Fir en zouverlässege Service an eng kompetitiv Vitesse par rapport zu den Autoen ze garantéieren, mussen d'Busser op bal der ganzer Stammstreck ofsäits vum Individualverkéier fueren a systematesch op de Kräizunge prioriséiert ginn.
Esou eng Stammstreck nennt een en Héichleeschtungskorridor (CHNS) fir Busser.
Den héije Serviceniveau gëllt net nëmme fir Transit Reesender, awer och fir déi, déi d'Arrêten laanscht d'Stammstreck benotzen. Dës Arrêten charakteriséiere sech souwuel duerch hir héich Frequenz wéi och duerch déi grouss Zuel vun Destinatiounen.
Wéi iwwerall am Réseau de Fall, ginn d'Busmodeller, déi op engem CHNS fueren, ausgewielt op Basis vun der Unzuel u Passagéier, déi op deene verschiddene Linnen transportéiert ginn.
Esch & Belval
Nordstad
Stad Lëtzebuerg an suburbane Rank
Aktualiséiert den