Funiculaire Pafendall-Kierchbierg

Mobiliteit

Multimodal

Sammeltransport

Eisebunnstransport

Ëffentlichen Transport

De Funiculaire vun der CFL, deen den 10. Dezember 2017 ageweiht gouf, verbënnt d’Quartieren Pafendall a Kierchbierg mateneen.

Hien bënnt de Kierchbierg un d’Eisebunn un (iwwert d’Gare Pafendall-Kierchbierg) an erméiglecht en Accès zum Tram, zum Bus an zu der Velospiste PC2.

Fuerplang

De Funiculaire fiert automatesch an onofhängeg zu de Fuerpläng vun den Zich an dem Tram.

Fir eng gutt Fluiditéit vum Verkéier tëschent Zuch, Tram a Funiculaire z'assuréieren, fiert dësen all 3 Minutten zu de Spëtzenzäiten.

Zu den aaneren Zaïten fiert de Funiculaire all 3,5 Minutten mat nëmmen enger Installatioun, dat heescht mat zwou Kabinnen.

Délai fir ze waarden: 140 Sekonnen tëschent all Montée an Descente.

Gratis

De Funiculaire ass komplett gratis an et brauch ee kee Billjee.

Accessibilitéit

De Funiculaire ass accessibel fir all Persounen mat reduzéierter Mobilitéit (PMR).

Poussetten, Veloen a Gepäck kënnen och mam Funiculaire matfueren.

Zuelen

  • Dauer vum Parcours: 63 Sekonnen
  • Distanz: 200 Meter
  • Héichtenënnerscheed: 40 Meter
  • Pente: 19,7 %
  • Kapazitéit: bis 7.200 Persounen/Stonn
  • Passagéier: 10 Milliounen zënter dem kontinuéierleche Service vum 10.12.2017 (Zuel vum 10.04.2024)

Lag

Déi nei Gare ass um Fouss vun der Bréck Grande-Duchesse Charlotte, der sougenannter „Rouder Bréck“ (Pont Rouge), gebaut. Si gëtt op der enger Säit vun Zich, déi aus dem Norde kommen, bedingt, an op der aanerer Säit, vun Zich, déi aus dem Süden an dem Westen vum Land kommen an déi bis op d’Gare Pafendall-Kierchbierg verlängert ginn. D’Gare Pafendall-Kierchbierg erméiglecht der nationaler a grenziwwerschreidender Clientèle mam Funiculaire op komfortabel Manéier den Accès op de Plateau vum Kierchbierg.

Video

Aktualiséiert den