Zuch

Mobiliteit

Sammeltransport

Eisebunnstransport

Ëffentlichen Transport

Den Zuch, mat sengem stärefërmege Reseau, deckt ee groussen Deel vum Lëtzebuerger Territoire of, an deem d’Stad Lëtzebuerg den Zentrum bilt.

Verbindunge ginn et och mat den Nopeschlänner (Belsch, Frankräich, Däitschland) iwwer verschidde grenziwwerschreidend Linnen.

Fuerpläng

D'Fuerpläng (op Däitsch) kënnen um Site vun den CFL, ënner "Faltfahrpläne" erofgeluede ginn:

D'Passagéier kënnen och online eng Recherche maachen, op de Siten:

Gratis

Zënter dem 1. Mäerz 2020, ass den ëffentlichen Transport gratis zu Lëtzebuerg, egal ob Bus, Tram oder Zuch um ganzen nationalen Territoire. Dës Mesure gëllt fir Awunner, Frontalieren an Touristen.

Zënter dem 1. Mäerz 2020 sinn d'Tariffer just an der 1. Klass vun den Zich ze bezuelen.

International Tickete kënnen an engem Guichet op enger vun de Garen oder online um Site vun den CFL kaaft ginn.

Accessibilitéit

D’CFL, an Zesummenaarbecht mat verschidden Autoritéiten, beméien sech den ëffentlechen Transport fir jiddereen a besonnesch och fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel ze maachen. D‘Garen an d‘Arrête vum Lëtzebuerger Eisebunnsreseau, souwéi d’Rullmaterial, d‘Zich a d‘Bussen, goufen ugepasst a moderniséiert.

Persounen, déi eng Assistenz brauchen, si gebieden hir Absicht den Zuch ze huelen, a follgenden Delaie matzedeelen:

  • 1 Stonn am Virfeld fir déi lëtzebuergesch Garen;
  • 48 Stonnen am Viraus fir eng Assistenz op enger auslännescher Gare.

Aktualiséiert den