4 digital Presentatiounen zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau den 18., 25., 26. November an den 09. Dezember ëm 19 Auer live aus dem Mobilitéitsministère

 

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert d’Reorganisatioun vum RGTR Reseau net méi mat physescher Präsenz vum Public, mee digital ofgehalen. Si dauere jeeweils vun 19.00-20.30 Auer.

Si kënne live um Internetsite www.transports.lu gekuckt ginn:

  • Mëttwochs den 18. November 2020 - Regioun Ettelbréck*
  • Mëttwochs de 25. November 2020 - Regioun Wolz*
  • Donneschdes de 26. November 2020 - Regioun Réimech*
  • Mëttwochs de 09. Dezember 2020 - Regioun Hesper*


De Minister François Bausch géif sech freeën, wann de Public seng Froen entweder am Virfeld oder den Owend selwer géif eraschécken op d'E-Mail-Adress: communication@mmtp.etat.lu.

Esou wäit ewéi méiglech ginn d'Froen vum Minister selwer live beäntwert. Sollten et der zevill sinn, esou géifen d'Äntwerten a Form vun engem „FAQ“ um Site vum Ministère publizéiert.

Eng Iwwersetzung op Franséisch (respektiv Däitsch fir d'Regioun Réimech) bleift weiderhin assuréiert.

*déi jeeweils concernéiert Gemenge sinn um rgtr.lu uginn.

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte

 

Dernière mise à jour