Mobilitéitskonzept Leitbild Nordstad 2035

Leitbild Nordstad 2035

 

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, an de Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung, hunn am Kader vu 5 ëffentlechen Informatiounsversammlungen, a Presenz vun de Nordstad Buergermeeschteren, Elementer vum Leitbild Nordstad 2035 an d'Nordstad Mobilitéitskonzept presentéiert.

 

D'Informatiounsversammlungen woren tëschent dem 04. an 18. Oktober 2021 ënnert dem CovidCheck Regime.

D'Participatioun vum Public wor héich, mat jeweils Froen an Äntwerten no de Presentatiounen.

 

Op all Event gouf eng simultan Iwwersetzung op Franséisch souwéi eng live Iwwerdroung hei op transports.lu an op Facebook @mmtp.luxembourg assuréiert. D'Opzeechnungen vun de 5 Informatiounsversammlungen kënnt Dir op dem YouTube Kanal MMTP Luxembourg kucken.

 

Produktioun a Livestream: FreeLens  

Interprétation simultanée assurée par le Collectif Interpretes.lu

 

D'Publikatioun "Mobilitéitskonzept Leitbild 2035" kënnt Dir heidrënner bei "Pour en savoir plus" eroflueden.  

 

Dernière mise à jour