"Kuckt op d’Strooss"

1. Wat ass verbueden wärend dem Fueren?

Et ass verbueden, den Handy wärend dem Fueren am Grapp ze hunn,

  • de Bildschierm ze kucken,
  • um Bildschierm ze tippen.

D’Applikatioune vun enger Smartwatch dierfen net benotzt ginn (Eng eemoleg Beréierung, fir d’Auerzäit ze kucken, ass awer erlaabt). 

2. Wéi eng Apparater si vun der Reegelung betraff?

·         Déi betraffen Apparater sinn an éischter Linn den Handy, mee och all aner mobil elektronesch Apparater mat engem Bildschierm, wéi en Tablet oder eng Smartwatch.

3. Ginn et Ausnamen, wou een als Chauffer hannert dem Steier den Handy an der Hand dierf halen ?

Jo, wann d’Gefier op enger Parkplaz oder engem Parking geparkt ass an de Motor aus ass.

4. Wéi ass et am Stau oder virun enger rouder Luucht ?

Et ass net erlaabt, den Handy an d’Hand ze huelen, ouni « système mains libres » ze benotzen.

5. Dierf een den Handy guer net benotzen?

Jo, den Handy dierf als Navigatiounshëllef (Navi / GPS) benotzt ginn. Heibäi dierf op de Bildschierm gekuckt ginn. Dofir muss den Apparat awer an enger Halterung fixéiert sinn. D’Antippe vun enger Adress muss virun der Faart gemaach ginn.

All d’Handy-Funktiounen dierfen iwwer de “système mains libres” vum Auto benotzt ginn, jee nodeem, wéi eng Applikatiounen den Autohiersteller zouléisst (Telefonéieren, Navi, Musek, ...). Dofir muss den Handy per Kabel oder Bluetooth un de System ugeschloss sinn. Den Handy muss net onbedéngt an enger spezieller Halterung befestegt ginn, Et dierf hei allerdéngs net op de Bildschierm gekuckt ginn.

6. Muss den Handy am Auto op enger spezieller Plaz sinn?

Wann den Handy als Navi benotzt gëtt, muss en an enger Halterung fixéiert sinn, déi dofir gëeegent ass an net wackelt. Fir all aner Situatioun ass et wichteg, dass den Handy net ongeséchert iergendwou läit a riskéiert erofzefalen.

7. Wéi ass et, wann de Chauffer den Handy benotzt, mee en net an der Hand hält, an zum Beispill um Schouss leien huet?

Dëst ass verbueden, well de Chauffeur den Handy net iwwert de “système mains libres” benotzt.

8. Wéi ass et, wann e Chauffer den Handy just an der Hand hält, fir en zum Beispill auszeschalten?

Dat ass net erlaabt, well et eng “Manipulatioun” ass. Et ass verbueden, den Handy an der Hand ze halen, egal wat de Chauffer domadder mécht. Dat heescht, “just ausschalten” oder “just den Uruff entgéinthuelen” ass verbueden.

9. Ass et erlaabt, en Handy um Bäifuerersëtz leien ze hunn?

Jo, soulaang en net als “Navi “benotzt gëtt oder “manipuléiert” gëtt, wéi zum Beispill, fir ze schreiwen oder ze telefonéieren.

Et ass awer erlaabt, dës Funktiounen iwwer de “système mains libres” ze steieren an ze benotzen, wann den Handy per Kabel oder Bluetooth un den Auto connectéiert ass.

10. Wéi ass et mam Handy, deen an engem “Handy-Halter “ fixéiert ass ?

Wann et eng Halterung ass, déi fir dësen Zweck virgesinn ass, a wann den Handy uerdentlech ka fixéiert ginn, kann den Apparat iwwert den  “système mains libres” vum Gefier benotzt ginn.

11. Wéi eng Mesurë si virgesinn, wann sech net un d’Reegel gehale gëtt?

De Chauffeur verléiert 4 Punkten a kritt en Avertissement taxé an Héicht vun 250€.

12. Fir wie gëllen déi Reegelen?

All d’Chauffere musse sech un déi Reegelen halen, egal ob et e motoriséiert Gefier (Auto, Camion, Bus, Moto, e-Trottinette) oder en net motoriséiert Gefier (Vëlo, Pedelec) ass.

13. Verléiert e/eng Vëlosfuerer*in och Punkten ?

Nee, e/eng Vëlosfuerer*in verléiert keng Punkten. Laut Gesetz kann ee keng Punkte verléiere wann ee mat engem Gefier ënnerwee ass, fir dat ee kee Führerschäi brauch. Den Avertissement taxé an Héicht vun 250€ gëllt awer och fir Vëlosfuerer*innen.

14. Ab wéini sinn déi nei Dispositiounen a Kraaft getrueden?

Dës Ajustementer vum Code de la route goufen am Laf vum Joer 2023 geholl. De 24. Oktober 2023 ass d’Reegelung a Kraaft getrueden, dass een net 2, mee 4 Punkte verléiert, wann ee mam Handy um Steier erwëscht gëtt. Säit dem 10. Februar 2024 gëtt dëst och net méi mat 145€, mee mat 250€ bestrooft. 

Dernière mise à jour