Le tram rapide et son contexte multimodal entre Luxembourg-Ville et la région Sud

1. Wéi ass de genauen Tracé tëschent Esch-Université a Belvaux-Mairie? A firwat dee Choix?

Den Tram hält bei:

  • Université
  • Belval Lycée
  • Belval Sud
 

Den Tram leet sech genau tëscht déi bestoend Eisebunn an d‘Escher Strooss, wou TICE Linnen an BHNS sinn.

Tëscht dësen zwou Achse vu CFL a BHNS leien deelweis iwwer 1000m. Do si ganz vill Leit, déi solle ganz wéineg op den Auto mussen zeréckgräifen.

Zu Bieles kommen dann déi 3 Verkéiersmëttel op engem neie Pôle d’Echange beieneen.

2. Mich würde die Trassenführung in Pontpierre interessieren, also von Leudelange kommend ab der Tankstation bis zum Kreisverkehr beim Pompjeesbau? Wie sieht die Überquerung vom C.R. 169 aus und wie ist der Verlauf entlang der Rue de l’Europe?

Die schnelle Tram wird in einer Korridorbündelung entlang der Autobahn gebaut werden. Der CR169 wird für den Pkw-Verkehr gesperrt, um die Einwohner der Rue de l’Europe und Rue de Luxembourg vom Durchgangsverkehr zu entlasten.

3. Pourquoi faire passer la ligne de tram en plein milieu d’un champ à Cessange et pas le long de l’autoroute au niveau de la Croix de Cessange?

Depuis des années, il existe des planifications pour construire un nouveau Boulevard de la Route d’Arlon vers la Route de Longwy jusqu’à la Cloche d’Or.

Ce futur boulevard aura comme objectif de desservir les quartiers futurs de Cessange et de délester les rues actuelles, comme par exemple la rue de Leudelange. Il est prévu d’intégrer le tram sur ce boulevard pour anticiper un développement futur de Cessange. Coller le tram contre l’autoroute n’aurait aucune plus-value en termes de mobilité pour les futurs habitants de Cessange.

4. Comment comptez-vous protéger les habitants de la rue de Luxembourg à Leudelange des nuisances sonores et poussiéreuses? Veuillez noter que ces résidences doivent être isolées plus efficacement du côté A4? Qu'avez-vous dans le projet pour résoudre ce problème?

Les habitants de la Rue de Luxembourg à Leudelange auront à l’avenir moins de trafic sur la N4 suite aux réorganisations présentées aujourd’hui (plus de camions SIDOR, moins de bus, moins de voitures pour accéder à la zone d’activité "Am Bann").

Le projet de tram rapide et la piste cyclable "express" n’auront pas d’impact négatif sur la pollution sonore ou sur l’émission de particules fines.

5. Why is in your opinion the agglomeration south not likely to be fully connected with Luxembourg city?

As far as our spatial planning is concerned, it is not appropriate to provide urban continuity between the southern region and the city of Luxembourg. In a context of climate change and the fact that in 10 years' time 70% of the world's population will be living in cities, it is essential to keep this interurban green zone. That is why we have also decided to strengthen this green belt by building a wildlife crossing at a suitable place in the project over the multimodal corridor.

6. Firwat si keng Arrêten zu Leideleng selwer (Kräizung A4-CR163), respektiv zu Steebrécken (Kräizung A4-N13) virgesinn, quitt datt just all 3. oder all 4. Tram do stoe bleiwe géif?

Et sinn do keng Arrête virgesinn, well dat déi Sektioun ass, wou den Tram muss richteg séier fueren, fir dass en tëscht deenen zwee Ballungsraum Esch a Lëtzebuerg attraktiv Reeszäite kann ubidden. Et kennt een awer vun iwwerall mam Bus oder mam Vëlo op een Tramsarrêt, séif et deen zu Féitz, zu Leideleng, beim Monkeler oder bei der Cloche d’Or.

Wann just all 2-3 Tram do stoe bleiwen, dann hëlt eis dat immens vill Kapazitéit ewech well de luesen Tram d’Streck géif minuttelaang blockéiere fir déi séier Trammen hannendrun.

7. Firwat ass um Tracé keen Arrêt virgesi fir d’Uertschafte Wickreng a Steebrécken, respektiv wat ass virgesi fir datt Awunner aus deenen Dierfer och kenne vum séieren Tram profitéieren?

Déi Arrête géife wesentlech manner Leit mathuele wéi déi zu Esch, Féitz, an um Belval. Ausserdeem wieren d’Foussweeër op sou een Arrêt problematesch a laang.

Ee performante Bussystem bréngt hei de Leit méi. Ee Bus kann d’Leit zu Biergem, Steebrécken, Wickreng, Eileng virun der Dir ofhuelen an da staufrai an emsteigfrai op d’Cloche d’Or bréngen. Och déi bekannten Entwécklungen am Commerce zu Wickreng änneren dee Constat net. Och wann net iwwerall een Tramsarrêt ka sinn, kritt awer jidderee méi een attraktiven ëffentlechen Transport a kënnen d’Awunner vun all Uertschaft laanscht d’A4 och vum séieren Tram selwer profitéieren.

8. Gëtt et keng Méiglechkeet den Tram-Arrêt an der Z.A. Am Bann zu Leideleng méi zentral ze placéieren, z.B. beim Rond-Point N4/Rue Léon Laval/Rue de la Poudrerie?

Mir hunn hei den Arrêt genau géintiwwer vum Rond Point "Edeleck" geplangt. Et kennt een dann iwwert eng nei Ënnerféierung fir Foussgänger a Cyclisten ënnert der Autobunn direkt an de Zoning. D’Plus-value, just fir dësen Arrêt zwee Mol d’Autobunn mat neie Brécken ze iwwerquieren, wier net ginn.

9. Ass virgesinn, datt och de Schléiwenhaff eng gutt Ubannung un de Vëloexpresswee kritt?

Jo, iwwert de PC1 an den neien Tronçon’en zu Leideleng kënnt ee muer separat vum Autostrafic mam Vëlo op de Vëloexpresswee.

10. Kann de séieren Tram duerno och um Stater Reseau fueren oder mussen alleguerten d’Leit ëmklammen op der Cloche d’Or?

D’Attraktivitéit an de Succès vum Projet steet a fällt mat der Méiglechkeet dass d’Leit ouni ëmzeklamme mam selwechte séieren Tram och duerch d’Stad fueren. Et ass een urbanen Tram, den awer op enger Sektioun vu 14km tëscht dem Monkeler an der Cloche d’Or ganz séier wäert fueren.

11. Wou ass den Tramsschapp geplangt?

De Choix ass nach net endgülteg getraff. Mir ënnersichen am Moment Siten op der Cloche d’Or an am Beräich Lankelz-Raemerich.

12. Kann een sou ee System net och zu Diddeleng, Rëmeleng, Gréiwemaacher an Iechternach virgesinn?

Getrei menger Präsentatioun vum MODU 2.0 geet et eis net drëms eis op Gefierer ze konzentréieren, mee op d’Leit déi wëlle vun A op B kommen. All Verkéiersmëttel huet seng Vir- an Nodeeler an passt op eng gewëssen Nofro. Dofir wäerte mer eis am Kader vum Plan national de mobilité 2035, deen ech Enn 2021 wäert virstellen, och Gedanke maachen iwwer gëeegent Léisungen op deene vir genannte Couloiren.

13. Wéi ass et mat der Liewensqualitéit vu Leit déi laanscht den Tram wunnen, beispillsweis an der Bieles Strooss zu Esch?

Wann den Tram méi no wéi 7m laanscht ee Wunngebai fiert, gi speziell Dämmmatten ënnert de Gleiser ubruecht fir Vibratiounen ze vermeiden. Dat hu mer op deenen entspriechende Plazen och an der Stad gemaach. Grad laanscht dem neien Theater war dat een Challenge, well ee jo soll verhënneren dass den Tram Vibratiounen hei ausléisst. Genau dat selwecht ass och zu Esch virgesinn. Net ze vergiessen dass déi Surface, déi den Tram an Usproch hëlt, net méi fir Privatautoen do ass, Gefierer déi méi Nuisancë mat sech bréngen, an d’Liewensqualitéit méi erofsetzen ewéi den Tram.

14. Lors de la présentation des plans du projet, il est indiqué que pour l’arrêt terminus Belvaux-Mairie une correspondance avec la ligne ferroviaire Esch-Pétange existera. Est-ce que ceci veut dire qu’un nouvel arrêt ferroviaire sera créé? Si c’est le cas, est-ce qu’il est envisagé de mener une étude pour créer dans cette zone un pôle d’échange bus, BHNS, tram, train et mobilité active?

C’est exactement ce qui est prévu pour le moment. Des pourparlers avec la commune de Sanem sont en cours. Il me semble évident que l’urbanisme et la mobilité doivent interagir de façon optimale. Les futurs mouvements de rabattements entre les différents modes de transport doivent être intuitifs, faciles et courts. C’est également une opportunité unique pour donner davantage de vie urbaine au centre de la localité de Belvaux.

15. Et est-ce que les arrêts Belval-Rédange, Belval-Lycée et la gare Belvaux-Soleuvre seront supprimés, pour ainsi améliorer l’efficacité et les temps de trajet sur la ligne 60 des CFL? Si c’est le cas, il ne faut pas oublier les anciens usagers de ces arrêts. Il faudrait alors penser à créer une ligne de City-Bus électrique Belval-Rédange, Belvaux-Mairie et Belvaux-Soleuvre.

Il est clair que nous n’allons en aucun cas oublier les anciens usagers des arrêts de Belval-Redange ou Belvaux-Soleuvre. Des détails suivront dans le cadre du plan national de mobilité, que je présenterai l’année prochaine. Je rappelle qu’il ne faut jamais se focaliser sur un seul mode de transport, mais considérer l’offre en mobilité globale.

16. Wann ech richteg informéiert sinn, soll den neie Quartier Belval-Sud bis 2029 fäerdeg erschloss sinn. Den Tram soll awer eréischt 2035 duerch de Quartier rullen. Wéi kann an der Tëschenzäit den attraktiven ëffentlechen Transport an deem Beräich garantéiert ginn, esou datt déi Awunner, déi sech do néiergelooss hunn, net awer op d'Iddi kommen, sech en Auto unzeschafen?

De Quartier Belval Sud gëtt haut scho vun zwou Achse vum ëffentlechen Transport ugedéngt. Am Norden op der Escher Strooss, am Süden op der Rue de l’Usine (2 TICE an eng RGTR Linn). Mir mussen et fäerdeg bréngen, virun der Arrivée vum Tram d’Foussweeër op déi zwou Achsen ze verbesseren, duerch Passerellen an attraktiv Weeër. Zousätzlech kucke mer mat der Gemeng, sou séier wéi méiglech den Accès op d’Escher Strooss hierzestellen, fir esou och de Quartier kënnen ze desenclavéieren.

17. Aktuell ass en Chantier um Echangeur Wickreng. Dëse Chantier leeft elo schonn 2 Joer. Säitdeem am Juni 2019 déi 2 nei Unterführungen, ënnert d'Autobunn gedréckt goufen, ass net méi vill geschitt. Firwat geschitt do näicht méi?

De Projet huet missen adaptéiert ginn opgrond vun den neien Iwwerleeungen am Kontext séieren Tram a Vëloexpresswee. Et wier net novollzéibar gewiecht, ee Chantier weiderzeféieren, deen net op dës zukünfteg Visioun passt.

Ee Finanzéierungsgesetz ass néideg ginn, wat elo um Instanzewee ass. Duerno geet de Chantier erëm virun.

18. Verleeft den Tram resp. d’Vëlospiste am Beräich vun den Uertschafte Leideleng, Steebrécken, Féiz westlech oder ëstlech zu der Autobunn A4?

Ëstlech.

19. Wéi vill méi breet zu haut gëtt déi nei Infrastruktur Autobunn+Tram+Vëlospiste?

Dat léisst sech net allgemeng soen, dat hänkt vun der jeeweileger Sektioun of an op wéi engem Niveau den Tram an de Vëloexpresswee par Rapport zur Autobunn ass. Et kann een awer soen, dass den Tramcouloir an der Reegel 8m breet wäert sinn, de Vëloexpresswee 4m. D’Pannespuer muss just minimal verbreet ginn (1-2m). Op deene ronn 14 Meter netto kënnen awer VILL méi Leit transportéiert ginn, ewéi dat op zousätzlechen normale Fuerspueren op der Autobunn méiglech wier. Spéitstens an der Stad géifen och all déi zousätzlech Autoe jo och rëm iergendwou stoen.

20. Ass een sech der Problematik Kaméidi fir déi ugrenzend Wunnzonen zu Steebrécken an zu Wickreng bewosst? Wat gëtt ënnerholl fir bei engem weider staarken Zouhuele vu Verkéier dëse Probleem ze léisen?

Et schéngt mer evident ze sinn, dass zu Steebrécken a Wickreng un ee performante Schallschutz geduecht gëtt.

Wéi dee Schallschutz genau ausgesäit, dat bleift awer nach am Kader vun der Verdéiwung vum Projet ze moossen an ze studéieren.

21. Zu Steebrécken läit d’Autobunn deelweis am Buedem an deelweis méi héich ewéi den Terrain niewendrun. Gett den Héichten-Niveau vun den Tramsbunnen iwwerall un den Niveau vun der Autobunn ugepasst oder ginn et hei Ënnerscheeder?

Am Detail ass et genau dat wat elo muss méi verdéiwend gekuckt ginn. Et ass awer sou dass den Tram net iwwerall muss exakt um Niveau vun der Autobunn sinn.

22. Elleng d’lescht Woch war mëttes bal all Dag en Accident mat Staue bis zu 10km a méi. Wei ass d’Situatioun mat dem Covoiturage am Fall vun engem km-laange Stau gereegelt?

Generell ass et sou dass déi drëtt Spuer eis hei méi Flexibilitéit gëtt fir op sou eng Accidenter ze reagéieren. Wann een Accident eng Spuer blockéiert, da kënnen nach zwou weider funktionéieren, wärend haut de Stau séier effektiv eng Längt vu puer Kilometer ka kréien. Soubal et staut, gëtt d’Signalisatioun geännert an déi drëtt Spuer fir Covoiturage a Bus kann opgemaach ginn.

23. Wou genau (d.h. op wéi engem Niveau) an der Stad stéisst de séieren Tram op d’Autobunn a wéini fänken déi Aarbechten un?

Den Tram kënnt virum neie P+R op der Cloche d’Or an d’Géigend vun der Autobunn. D’Aarbechte solle fléissend iwwergoe wann den Tram bis op der Cloche d’Or ass (2023-24). Méi spéit soll dann och de Boulevard Zéisseng mam Tram gebaut ginn, deen op der Héicht vun der heideger Autobunnsbréck (Rue de Leudelange) zu Zéisseng soll a Richtung Helfent, Märel a CHL fueren.

24. Op ca 14 Kilometer soll nieft eng bestoend Autobunn en neie ca 25 Meter breede Korridor fir den ëffentleche Verkéier kuerzfristeg gebaut ginn. Wéi well Dir déi geschätzten 30 Hektar Land sou séier disponibel hunn? Ass et net méiglech, wéi an all gréisserer Stad oder gréisserem Ballungsgebitt, sou en Infrastrukturprojet vertikal iwwert oder ënnert engem Terrain ze bauen deen Dir scho besëtzt?

De Couloir muss net iwwerall 25m breet sinn.

Dem Staat gehéiere schon ee gudden Deel vun den Terrainen, respektiv ass den Terrain kee Bauland, well en an der Zone "non aedificandi" vun der Autobunn läit.

Couloiren iwwerteneen ze leeë kascht vill méi deier, bedeit ee penibele Chantier mat ville Perturbatiounen an ass virun allem fir den Entretien vun den Infrastrukture ganz opwänneg. Och muss fir den hypothetesche Fall vun engem sérieuxen Incident iwwerall an zu all Moment déi séier a sécher Evakuatioun vun all den Tramspassagéier méiglech sinn.

25. Envisagez-vous de saisir votre homologue français afin de faire en sorte que votre beau projet puisse être prolongé de quelques centaines de mètres sur le territoire français et le périmètre d’intervention de l’E.P.A. Alzette Belval pour desservir et servir aussi, de façon équilibrée, l’ensemble de ce territoire transfrontalier.

Il est pour nous essentiel d’offrir aux travailleurs frontaliers une alternative rapide et confortable à la voiture privée. Il est évident que nous n’arrêtons pas nos réflexions à la frontière franco-luxembourgeoise.

Néanmoins, notre premier objectif consiste en une adéquation entre la demande en mobilité de personnes et l’offre en capacité et flexibilité des modes de transport. Le choix du mode de transport le plus approprié ne se fait qu’en fonction de ce premier critère ainsi que de son intégration dans le système de transport multimodal régional. Se focaliser dès le départ sur un moyen de transport précis ne correspond donc pas à cette logique.

Les analyses des données structurelles (habitants et emplois projetés) montrent que les habitants existants et les habitants futurs de la Haute Vallée de l’Alzette seront logés sur un territoire à urbanisation diffuse et sur une topographie accidentée. Compte tenu de ce constat, un faisceau de lignes de bus qui rejoignent sur un tronc commun un bus à haut niveau de service est le moyen de transport idéal pour offrir un transport en commun transfrontalier attractif à ces communes. En même temps, ce moyen de transport peut profiter d’un site propre et éviter les bouchons. A Esch, avec un seul rabattement, les travailleurs frontaliers ont la possibilité de prendre le train, le tram rapide ou l’autre BHNS qui circulera entre Pétange et Dudelange. De plus, les infrastructures cyclables au niveau de la Lentille Terre-Rouge sont prêtes à être raccordées par des infrastructures cyclables émanant du territoire français, créant ainsi un accès aux pistes cyclables "express".

Je suis heureux de constater que le projet tombe sur un grand intérêt auprès de nos interlocuteurs français et je suis impatient de voir comment nous pourrons approfondir les études avec eux en identifiant ensemble des solutions pour accélérer et améliorer encore le système BHNS transfrontalier, ainsi que le maillage de nos réseaux cyclables.

 

26. Firwat ass zu Esch respektiv um Belval keng Intersektioun vum Tram mam Zuch-Reseau virgesinn?

Et sinn dräi Echangë mam Zuchreseau ugeduecht: ee klasseschen Emsteigepunkt zu Bieles-Gemeng an um Belval an der Friche Esch-Schëffleng zwee ee bësse méi wäitleefeg Emsteigepunkten, wou een an engem städtesche Kontext 500-800m Fousswee huet tëschent den zwee Moden.

Eis Nofroberechnungen hu gewisen, dass et natierlech besser ass, wa mer den Tram an den Zuch komplementar, a kengesfalls a Konkurrenz zoueneen, opbauen. Dat heescht, den Tram soll virun allem do fuere wou den Zuch net hikënnt fir ee gudde flächendeckenden ëffentlechen Transport unzebidden.

Wann ech den Tram méi widdert d’Eisebunn leen, wat ech manner zousätzlech Leit a Quartieren erschléissen, déi haut nach keen esou attraktiven ëffentlechen Transport hunn an dowéinst souguer fir kuerz Deplacementer ze vill op den Auto zeréckgräifen.

27. Firwat gëtt de Quartier Rout Lëns net un de BHNS ugeschloss?

Ma dach, d’Rout Lëns kritt eebe grad ee performante BHNS, dee bis a Frankräich an déi aner Säit iwwert d’Escher Gare, Esch/Schëffleng op den neie Pôle d’Echange A4 fiert. An der Friche Esch-Schëffleng trëfft dëse BHNS "transfrontalier" dann esou wuel de séieren Tram ewéi och déi BHNS Bussen, déi op Péiteng an op Diddeleng fueren.

D’Rout Lëns, a perspektivesch gesinn och de "Crassier Terres Rouges", brauch ee BHNS fir kënnen ze funktionéieren.

28. Wien exploitéiert duerno de séieren Tram?

Hei muss ee vum Knowhow profitéieren, a kee Saucissonage vu Bedreiwergesellschafte maachen, virun allem, well soss ee puer Gesellschafte missten op demselwechten Tramsnetz "en temps réel" eens ginn. Well, fir wierklech attraktiv ze sinn, soll de séieren Tram jo och iwwert den Tramsreseau an der Stad Lëtzebuerg fueren.

Dofir ass LUXTRAM, eng S.A. mat 100% ëffentlechem Kapital, dee gëeegentsten Exploitant fir de séieren Tram.

29. Ass et séchergestallt, dass de Kaf vun den Terrainen fir d‘Realisatioun vun dësem Projet onproblematesch an och an den annoncéierten Delaien ofgewéckelt ka ginn?

Mir hu versicht de Raumverbrauch sou geréng wéi méiglech ze halen a Korridoren ze bündele laanscht déi aktuell Autobunn. Do gehéieren eis scho vill Terrainen. Mir wäerten awer net laanscht eng Rei Privatemprisë kommen.

Dofir drängen ech och op ee séiert Finanzéierungsgesetz an eng "utilité publique" um Projet, fir méiglechst séier virun ze komme mat den Terrainsacquisitiounen.

30. Question concernant Leudelange et l’incessant trafic qui y transite: la construction de cette ligne de tram rapide le long de l’autoroute A4 n’est-elle pas une bonne occasion pour une nouvelle route nationale? Déjà mentionnée dans une étude de 2007, la partie dominante et toujours grandissante du trafic dans Leudelange est composée de trafic de transit, d’où la nécessité d’une réduction de ce dernier. Il suffirait de profiter de cette nouvelle ligne de tram rapide pour y ajouter une nouvelle liaison CR 169/A4/N4.

Étant donné que le CR169 sera barré et la traversée actuelle de la N4 fortement réduite en trafic transitoire suite à la réorganisation de l’échangeur Leudelange-Sud, il y a aucune nécessité de construire une nouvelle N4 au sud-est de Leudelange.

31. Wéi gëtt den Awunner vun de Quartieren Hiel, Grenz a Rout Lëns zukünfteg den Zougang mat engem individuellen Auto (mat oder ouni Verbrennungsmotor) garantéiert?

Ewéi haut wäert de Quartier Hiel a Grenz iwwert d’Rue Barbourg, respektiv d’Rue Jean-Pierre Bausch un de Quartier Brill ugeschloss ginn. Anescht wéi haut, wäert awer do keng Barrière méi sinn, mee eng normal Kräizung mam BHNS.

32. Wier et net méiglech den Haapttracé als normal Eisebunnsstreck ze bauen, sou dass dësen och vun normalen Zich kéint befuer ginn? Sou kéint eng besser Auslaaschtung vun dësem Tracé garantéiert ginn.

Dat géif een Haaptargument fir de séieren Tram neutraliséieren. Normal Zich si ganz aner Gefierer wéi Trammen an entspriechen och anere Sécherheetsnormen. Normal Zich kéinte mer op der Cloche d’Or net an de städteschen Tramsreseau integréieren an all Mënsch misst op een aneren Tram ëmklammen. Ausserdeem loossen sech Strecken, déi Trammen an normal Zich gemeinsam befuere vill méi schwiereg exploitéieren. Een Tram tëscht der Friche Esch-Schëffleng a Bieles wier da vun der Demande hir och nëmméi justifiéiert. Dat villt Ëmklamme géif des Optioun ze vill onattraktiv maachen.

33. Am Joer 2018 gouf et eng Etüd déi erausfonnt huet dass den Tram rapide dat gëeegentst Verkéiersmëttel ass tëscht Esch an der Stad. Wéi eng Critèrë goufe vir de Verglach tëscht Verkéiersmëttel erugezunn?

Et waren insgesamt 13 Critèren déi vun engem internationale Bureau analyséiert goufen; ënner anerem den Invest, Exploitatiounskäschten, Clientspotenzial, Ëmweltverdréiglechkeet, Insertioun am urbane Raum, Maillage mam Zuch, Unzuel vun den Emtsteigebezéiungen, etc.

34. Wisou ass Belval-Université gebaut ginn déi elo en rengen Arrêt gëtt a wou ass beim neien Arrêt Bieles Méiglechkeet fir Parking? Deen ass awer op Belval-Uni scho ginn?

Am Zentrum zu Bieles ass kee Parking virgesinn, well dat just onerwënschten Trafic géif bis dohinner ulackelen. D’Gare Belval-Université bleift bestoen a gëtt souguer méi oft ugedingt wéi haut. De Parking bleift och bestoen an ass als P+R fir franséisch Frontalieren och wesentlech méi attraktiv ewéi dee bei der aktueller Gare Audun, well een um Belval-Université all Zuch (net just all zweeten) kritt, an och ee mol manner muss ëmklammen.

35. Wann de CR169 am Laf vum séiere Vëloswee zougemaach gëtt, wéi soll den Trafic am Kader vum PGT ëmgeleet ginn, bei engem schwéieren Accident op der Autobunn, wou des muss gespaart ginn?

Hei si mer am Gaang mat der "Administration des ponts et chaussées" nei "itinéraire bis" ze definéieren. Regional ginn et méi Méiglechkeete falls d’Autobunn duerch een Accident oder aneren Incident misst gespaart ginn. Et bleift awer och ze soen, dass duerch déi iwwerbreet Pannespuer eng Komplettspärung vun der Autobunn méi seele wäert sinn ewéi haut.

36. Le BHNS sera-t-il considéré comme faisant partie du réseau luxembourgeois (gratuité du BHNS de Micheville à Esch)?

Cela reste à définir. Mon intention est de rendre le BHNS transfrontalier aussi attractif que possible.

37. Quel sera le tracé entre la gare d'Audun-le-Tiche et Micheville?

Ce tracé reste à définir avec les autorités compétentes du côté français.

38. Quand le ministre compte-t-il entamer les pourparlers avec les responsables politiques français concernant la ligne Micheville- Esch/Schifflange? (si le projet aboutit dans 30 ans alors je serais presque pensionné...)

Plusieurs dates en novembre 2020 ont déjà été proposées par le ministère de la Mobilité et des Travaux publics.

39. Comment le financement de ce projet transfrontalier est envisagé par le ministre? Combien de % financés par le GDL et combien de % par les autres acteurs (France, Europe)?

Cela reste à définir lors des réunions bilatérales, que le Luxembourg entamera avec un esprit de collaboration et de priorisation des transports en commun pour les déplacements transfrontaliers.

40. Le cadencement annoncé est de "5 minutes sur le corridor principal". À quoi correspond le "corridor principal" sur la ligne Micheville-Esch/Schifflange?

Nous considérons le tracé Micheville - Audun - Lentille Terres Rouges - Esch/Gare et friches Esch/Schifflange comme le corridor principal.

41. Le passage à niveau "Hiel" sera supprimé au moment de l'arrivée du BHNS. Toutefois le BHNS sera-t-il prioritaire à cette intersection?

Oui, la barrière sera remplacée par un carrefour à niveau avec une signalisation priorisant le BHNS.

 

Pour en savoir plus

Dossier: le tram rapide et son contexte multimodal entre Luxembourg-Ville et la région Sud

Dernière mise à jour