En 2023, le tram arrive dans le quartier Howald!

Wat fir een Impakt gëtt et fir d’Haiser mat Gaart a Garage aus der Rue Eugène Welter, déi een direkten Zougang op de Rangwee hunn? Ginn di Garagë mat Gäert ofgeschaaft? A wa jo, wat fir Solutioune gitt dir den Awunner vun de betraffenen Haiser?

Mir hu versicht den Impakt op d'Garagen an d'Gäert vun de Leit am ënneschten Deel vun der Rue Eugène Welter déi Richtung Rangwee leien esou geréng wéi méiglech ze halen.

Hei ass an de leschte Méint intensiv gekuckt gi fir d‘ganz Stroossenachse vum Rangwee nach eemol Richtung Eisebunn ze réckelen.

D'lescht Woch hunn ech hei den definitiven Empriseplang fräi ginn. An den nächste Woche wäerten och Gespréicher mat den Awunner gefouert ginn. Wa Garagë wech fale bitt de Staat de Leit selbstverständlech eng Ersatzgaragë an direkter Noperschaft un.

Aktuell sinn d‘Aarbechten um Pont Büchler nach am gaangen an dëst huet e groussen Impakt ob den Trafic um Houwald, méi speziell ronderëm de Rangwee an Direktioun Rond-Point Glück. Sinn déi Aarbechten um Pont Büchler ofgeschloss ier et mat den Aarbechten um Tram am Quartier Houwald lass geet fir esou e kompletten Verkéierschaos ze verhënneren? Als Awunner vum Quartier Bouneweeg sinn ech dem Tram géintiwwer ganz positiv agestallt. Fir allerdéngs kenne besser dovun ze profitéiere wier en Ausbau vum Vëlosreseau (Vëlospist) vu Bouneweeg ob den Houwald e grousse Plus. Ass virgesinn fir esou en Ausbau vun de Vëlosweeër iwwert de Plateau Bouneweeg/Houwald ze maachen?

D’Aarbechten um Pont Büchler ginn dëst Joer (2021) am Juni ofgeschloss. De Staat huet laanscht déi nei N3 eng Vëlospist an de Projet integréiert. Ech fannen et awer eng gutt Iddi fir ee weideren Ausbau vum Vëlosreseau vu Bouneweeg op den Houwald virzegesinn. Dat wieren awer da kommunal Infrastrukturen.

Wéi ass et virgesinn, dass Leit déi an der aktueller Situatioun mam Bus vun der Gare Lëtzebuerg oder vum Arrêt "Bonnevoie, Dernier Sol" a Richtung Alzeng/Fréiseng fueren, dohi komme wann den Tram bis op den Houwald fiert? Sinn do awer weiderhin direkt Busse virgesinn oder muss een da mam Tram op de Pôle d'échange Houwald fueren an dann do op de Bus ëmklammen? A wann ee muss ëmklammen, wéi wäerten déi Bussen da vum Pôle d'échange op Alzeng fueren? Iwwert d'Route de Bettembourg oder iwwer d'Route de Thionville?

An deem Fall ass et och weiderhin méiglech mam Bus vun der Gare an och zur Bouneweeger Säit vun der Gare mat engem Bus direkt op Alzeng/Fenteng ze fueren.

D'Bussen wäerten iwwert d’Route de Thionville op Hesper eroffueren.

Et wier wierklech wichteg dass Fenteng/Hesper endlech géif mat engem Bus un d‘Gare Houwald ugeschloss ginn. Déi Verbindung gëtt et nämlech leider nach net, mee déi wär wichteg; wann den Tram bis do ass, nach vill méi. Ass et ugeduecht esou eng Buslinn anzeféieren?

Esou eng Linne sinn aktuell an der Ausschreiwung a ginn Enn des Jores (2021) agefouert. Mir féieren déi awer warscheinlech iwwert d'Route de Thionville well et am Moment onméiglech ass fir busprioriséierend Mossnamen an der Rue de Bettembourg anzeplangen a mer dofir ze vill Retarden do kréien.

Am Kader vun der Presentatioun vun der Arrivée vum Tram um Houwald, wéi eng Tracéë si parallel fir de Vëlo geplangt. a) Sinn ofgetrennte Vëlospisten um ganzen Tracé geplangt? b) Ginn et erëm bidirektional Pistë wéi an der Avenue de la Liberté? (net ideal) c) Sinn um Houwald Ofstellméiglechkeete fir de Vëlo virgesinn? d) Ass eng Verkéiersberouegung mat Vëlospisten an der Route de Thionville virgesinn?

Et si separat Vëlospisten um ganzen Tracé geplangt. Et ginn deels unidirektional, deels bidirektional Vëlospisten. Leider konnten op verschiddenen Engstelle keen uniformen Typ vu Vëlospisten duerchgezu ginn, mee d’Ponts et Chaussées kuckt mat menger Cellule hei am Ministère nach ee puer Saache virun der Exekutioun ze verbesseren.

Ech sinn ausserdeem der Meenung dass um Rond Point Gluck soll eng Vëlospasserelle gebaut gi fir direkt nom Tunnel Rangwee ouni Querung vun der Rocade op de Ban de Gaasperech ze kommen.

D’Route de Thionville gëtt selbstverständlech verkéiersberouegt an et gi Vëlosinfrastrukturen ugeduecht.

Op de Pôle d’échange Houwald kënnt dann och ee Vëlosparkhaus.

Wéini kommen Echtzäit-Panneauen an ALL Busarrêten zu Hesper? Oder ass dat guer net geplangt? Grad och fir den Tram ass dat jo wichteg, fir datt d'Leit mam Bus a net mam Auto op de Pôle d'échange kommen...

De Staat equipéiert d'Haaptarrête vum ëffentlechen Transport mat Echtzäit Panneauen. Et ass awer net virgesinn iwwerall där Panneauen opzehänken, well et am Land dausende vu Busarrête ginn. Ech sinn och bereet weider Arrêten zu Hesper mat Echtzäitpanneauen z'equipéieren, flächendeckend op all Arrêt ass awer sécherlech net méiglech, dofir ginn et och Echtzäitinformatiounen op der App vun der Mobilitéitszentral.

Gëtt den Hiwwel hannert den Terraine vun der Rue Auguste Scholer (also vis-à-vis vum Cactus Hobbi bis Bétons Feidt) ofgedroen a wéi héich gëtt déi Mauer, déi der den Awunner vun der Scholerstrooss versprach hutt géint de Kaméidi an de Stëbs vun der Rue des Scillas, déi jo als Nationalstrooss vill méi befuer wäert ginn? Vu dass der ons déi natierlech Barrière vun de Beem an Hecke jo ewech huelt, misst déi Mauer zimmlech héich gi fir ons Awunner een anstännege Siichtschutz ze garantéieren, respektiv vun den héigeren Ofgasen an dem Stëbs ze schützen!

Natierlech ginn déi Leit protegéiert. Den Tram wäert méi déif leie wéi d’Gäert vun den Haiser. D’Mauer wäert nach eemol 3 Meter méi héich ginn op enger Längt vun iwwer 200 Meter.

Wat wäert mat der aler Strooss, där haiteger Route de Thionville, geschéien? Soll den Trafic à terme ganz op déi nei N3 deviéiert ginn? Wéi ass et mat Vëlospisten?

D'Route de Thionville soll eng flott urban Strooss ginn déi natierlech Vëlospisten a confortabel Trottoiren huet. Et soll probéiert ginn den Duerchgangstrafic eraus ze kréien. Wéi dat am Beschte geschitt a wéi dat soll gestallt ginn, dat kucke mer zesumme mat de Gemengen Hesper an der Stad.

Wéini kréie mer ee Streaming vum Contournement Hesper?

Och geschwënn. Ech hoffen dass mer et kënne live sur place zu Hesper maachen. Mir si mat den Etüde souwäit duerch. Dir wësst dass de Contournement duerch eng Natura 2000 Zone féiert an dat ass net einfach. Hei muss ee vill Variante préiwen, vill Méiglechkeeten a mir däerfen näischt vergiessen. Ech hat mam Schäfferot vun der Gemeng Hesper eng gutt Entrevue am Dezember. Mir sinn eis eens ginn dass mer zesummen een Aarbechtsgrupp brauchen dee weider Saache verdéift. Wann ee Contournement am Land berechtegt ass, dann ass et dee vun Hesper. Mee mir mussen eng ganz nei Situatioun a punkto Verkéier schafen, an an deem Feintuning si mer am Moment mat der Gemeng. Mir wëlle méiglechst vill Verkéier aus dem Zentrum vun Hesper erauskréien, Liewensqualitéit erëm kréien, Opportunitéite schafe fir aner Verkéiersmëttelen an ee Gesamtkonzept ausschaffen sou wéi mer dat och fir den Tram maachen.

Ech ginn dovunner aus dass mer am Summer déi ëffentlech Prozedur duerchzéien an och Reunioune mat Public kënnen halen; vläicht och eppes Hybrides mat Livestream jee no deem wéi d’Pandemie et erlaabt. Déi vill Etüde wäerten iwwert de Summer an der Gemeng ausleie fir all Bierger déi dann och hiren Avis kënnen ofginn. Zil bleift et d’Finanzéierungsgesetz virum Enn vun der Legislaturperiod vun der Chamber votéieren ze loossen.

Mee mir mussen oppassen a kee prozedurale Feeler maachen. Ech sinn awer optimistesch, mir hunn eng exzellent Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper.

Am Ufank vun der Presentatioun gouf vun der Paräisser Plaz geschwat. Kann den Här Bausch oder den Direkter vu Luxtram en Datum ginn wéini des Aarbechten a virun allem d’Vëlospist, déi do duerchgeet, fäerdeg sinn?

Duerch dat schlecht Wieder hu mer puer Woche Retard kritt. D'Vëlospist gëtt awer den 3. Abrëll 2021 offiziell ageweit. Da kann ee vun der Gare bis op d'Luxexpo fueren op enger ofgetrennter Vëlospist. Och fir mech een Dram deen an Erfëllung geet.

Nous habitons dans la Route de Thionville. Quel sera le tracé précis de la N3 car cela risque d’augmenter/de déplacer la pollution sonore vers nos habitations. Où va se situer précisément l'arrêt du tram "Lycée Bonnevoie"?

Le tracé précis de la N3 sera de la Route de Thionville (entre la station Q8 et l'ancien hangar CFL) le long des rails CFL et du nouveau centre de remisage CFL vers le Rangwee.

L’arrêt précis du tram "Lycée Bonnevoie" se trouvera derrière le bâtiment des Ponts et Chaussées (en cours de démolition), entre la Rue de Houffalize et la Rue de Neufchâteau (cf. slides 6/34 et 25/36 de la présentation).

Le départ du pont Y est clair mais où va se situer l'arrivée des deux branches de ce pont Y et surtout celle du tram du côté de la Cloche d'Or? N'est-il pas prévu que le tram doit déboucher sur le nouveau Boulevard de Kockelscheuer pour ensuite relier la Cloche d'Or et notamment le nouveau Stade de Luxembourg? Si je regarde la carte, j'ai du mal à me faire une idée de la position exacte de ce pont Y et surtout de l'endroit où il va déboucher! Je vous serais donc reconnaissant si vous pouviez m'expliquer à l'aide d'une carte éventuellement à quel endroit exactement le tram va arriver du côté de la Cloche d'Or/du Ban de Gasperich!

Le pont Y va être construit après la nouvelle gare routière Howald (vers où le tram circulera de la Rue des Scillas en virage de 90°, quasiment en face de la Rue des Bruyères). Ce pont Y traversera l'autoroute A3 à hauteur de l'actuel échangeur Croix de Gasperich (dont les bretelles seront supprimées).

Pour la partie tram, la branche continuera dans la Rue Albert Einstein.

Pour la partie piétons et cyclistes, la branche continuera dans la Rue Wolfgang-Amadeus Mozart vers le nouveau Lycée Technique du Centre (qui sera déplacé du Limpertsberg vers la Cloche d'Or).

Tout d'abord je vous remercie pour votre présentation sur l'arrivée du tram dans le quartier Howald. J'habite Rue d'Orchimont. J'ai pour le moment trois questions à vous poser concernant cette rue: a) Quel est le devenir de la parcelle où se trouvait le bâtiment du ministère de l'agriculture? En effet, le bâtiment est encore présent dans votre présentation or il a été récemment détruit. Pour le moment, le terrain est nu. Quels sont les projets pour cette parcelle? Est-ce qu'il est prévu d'y planter des arbres? b) À ma compréhension, les places de parking vont disparaître dans la Rue d’Orchimont. Où sera-t-il prévu pour les habitants de la rue de garer leurs voitures? Est-ce que le terrain en question ci-dessus y sera dédié? c) Existe-t-il des informations/documents/présentations spécifiques aux travaux qui seront mis en œuvre Rue d'Orchimont que vous pourriez communiquer?

L'urbanisation de la Rue d'Orchimont et l'organisation des places de stationnement tombe sous la compétence de la Ville de Luxembourg.

L'État n’a pas encore un programme urbanistique détaillé sur sa parcelle longeant le futur pôle d'échange de Bonnevoie. Néanmoins, une sous-station pour le tram et un local pour les conducteurs de tram y est prévu.

J'ai regardé avec grand intérêt la présentation de l'extension du tram jusqu'à Howald et la Cloche d'Or. L'ensemble du projet, y compris le contournement de Hesperange, doit améliorer la mobilité dans le sud de l'agglomération et prioriser les transports doux vs l’utilisation de la voiture individuelle. J'ai cependant été un peu confus par la réponse du Ministre Bausch à la dernière question au sujet du P+R Howald. Le P+R existant est certes provisoire mais la réponse a été qu'il y aura un P+R de 2000 places à la Cloche d'Or. Ce dernier sera cependant situé à côté du nouveau stade et non pas au futur pôle d'échange de Howald. Pourriez-vous en dire un peu plus sur le futur P+R Howald (nombre de places, connexion avec le pôle d'échange, etc.)?

L'extension provisoire du P+R Howald, qui a été inaugurée en septembre 2018, restera opérationnelle jusqu'à ce que le pôle d’échange de Howald sera complètement réalisé et fonctionnel. À ce moment, le  plan directeur "midflield" prévoit une densification urbanistique  autour dudit pôle d'échange. Dans cet esprit, l'État prévoit de réaliser des bâtiments sur les parcelles actuellement occupées par ladite extension. Les quelques 880 places sur le P+R original resteront en service. Du côté de la Cloche d'Or, un nouveau P+R de 2000 emplacements est prévu en 2023. Ce P+R est surtout attractif pour les automobilistes utilisant l'autoroute A4 et l'échange sur le tram sera très aisé. Le Plan de Mobilité National 2035 est en train d'analyser l'opportunité d'installer des capacités P+R supplémentaires sur le corridor de l'autoroute A3.

Où peut-on regarder la présentation de l'arrivée du tram au quartier Howald en 2023 de Monsieur le Ministre François Bausch du 28 janvier 2021?

La présentation est visible sur le canal YouTube du MMTP Luxembourg.

Dernière mise à jour