Gratis ëffentlechen Transport säit dem 1. Mäerz 2020

Firwat huet Lëtzebuerg den 1. Mäerz 2020 d'gratis Benotzen vun ëffentleche Verkéiersmëttelen agefouert?

De fräie Gebrauch vum ëffentlechen Transport gehéiert zum Koalitiounsaccord vun der Regierung 2018. Scho virum 1. Mäerz 2020 war den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg 90 bis 94 Prozent subventionéiert a gratis fir verschidde Benotzergruppen. Ee Schrëtt méi wäit ze goen an d'Tickete ganz ofzeschafen, war am Aklang mat der nationaler Mobilitéitsstrategie Lëtzebuerg Modu 2.0 (www.modu2.lu), déi den Asaz vum ëffentlechen Transport fërdert. Wéi d'National Regierung ugekënnegt huet, datt d'Offer vum ëffentlechen Transport, fir deen si zoustänneg ass, gratis géif ginn, hunn d'Gemengen, déi den ëffentlechen Ergänzungstransport organiséieren, virun allem d'Stad Lëtzebuerg, decidéiert, dës Politik matzemaachen.

De gratis ëffentlechen Transport läscht eng zousätzlech Barrière fir an de Bus, Tram oder Zuch ze klammen. Et gëtt erwaart datt nei Benotzer, déi spontan den ëffentlechen Transport entdecken a mat senger Qualitéit zefridde sinn, en no an no ëmmer méi dacks notzen. Eng aner Absicht war wirtschaftlech Ënnerstëtzung fir Leit mat nidderegem Akommes ze bidden.

Wie kann déi gratis ëffentlech Verkéiersmëttel zu Lëtzebuerg benotzen?

Zu Lëtzebuerg sinn all Reese mat den ëffentlechen Zich (ausser éischt Klass), Tram oder Bussen, déi net iwwer d'Landesgrenze goen, gratis fir jiddereen, och fir Touristen.

Ass de grenziwwerschreidenden ëffentlechen Transport och gratis?

Grenzgänger Zuch- a Busbilljeeën si méi bëlleg ginn, well de Lëtzebuerger Deel vun der Streck gratis ass, awer si decken nach ëmmer de franséischen, däitschen oder belschen Deel vum Tarif. Als Resultat si grenziwwerschreidend Ticketen däitlech méi bëlleg ginn, awer net gratis.

Wéi eng Auswierkung huet d'gratis Benotze vun ëffentleche Verkéiersmëttel zu Lëtzebuerg?

De gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg huet weltwäit Opmierksamkeet erreecht an huet wesentlech zum positiven Image vu Lëtzebuerg am Ausland an zur Attraktivitéit vum Land als Geschäftsplaz bäigedroen. Op nationalem Niveau huet et dauernd zu Reflexiounen iwwer den ëffentlechen Transport besonnesch an d’Transformatioun vun der Lëtzebuerger multimodaler Mobilitéitsoffer am Allgemenge gefouert. D'Fäegkeet spontan an all Bus, Tram oder Zuch ze klammen, ouni sech Suergen iwwer en Ticket ze maachen, gëtt vun de Benotzer héich geschätzt. Eng empiresch Indikatioun dofir ass eng Erhéijung vun de Kuerzstreckefahrten op der Tramslinn.

De "Luxembourg Institute for Socio-Economic Research (LISER)" studéiert weider Auswierkunge vum gratis ëffentlechen Transport a ka fir méi Informatioun kontaktéiert ginn: https://freepublictransport.net.

War et ze erwaarden dass vill Mënsche vum op d'Aarbecht mam Auto fueren op ëffentlech Verkéiersmëttel ëmsteige géifen?

Kuerzfristeg war kee wesentleche Modalwiessel z'erwaarden: et gouf bewisen datt den entscheedende Faktor bei der Wiel vun engem Transportmodus seng ugesi Qualitéit ass (Komfort, Zouverlässegkeet, Gesamtreeszäit, Gesamtkäschten, asw.). Op nationalem an internationalem Niveau kënnen abrupt Changementer vum Transportmodus nëmmen an Zäite vu gréissere Changementer an der Transportoffer beobacht ginn, sief et well eng nei attraktiv Offer dobäi komm ass oder well eng existent a gréisstendeels genotzt Offer net méi verfügbar ass.

Den 1. Mäerz 2020 - den Dag wou den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis gouf - gouf et keng esou Ännerungen, och bei de Präisser: Zu Lëtzebuerg war den ëffentlechen Transport ëmmer däitlech méi bëlleg wéi Autofueren, och wéi den ëffentlechen Transport nach ëmmer e bezuelte Service war (50€ pro Mount oder 4€ pro Dag fir dat ganzt Land). Et waren also keng Ausléisungsfaktoren fir en abrupte Wiessel op den ëffentlechen Transport. D'Ofschafe vum Ticket wäert awer op laang Siicht de spontane Gebrauch encouragéieren an domat d'Entdeckung vun der Lëtzebuerger staarker ëffentlecher Transportoffer beschleinegen. Dat entsprécht ganz der Lëtzebuerger Mobilitéitsstrategie Modu 2.0, déi d’Zil ass, d’Qualitéit vun der Transportoffer kontinuéierlech ze verbesseren an d’Verhalen op laang Siicht ze beaflossen, an déi gëtt och weiderhin ëmgesat mat de Moossnamen, déi am nationale Mobilitéitsplang 2035 virgesi sinn (www.pnm2035.lu).

Gëtt et eng bedeitend Ännerung am Transportverhalen, deen un d'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zougeschriwwe ka ginn?

Et gouf kee bedeitende Modalwiessel observéiert, dee kloer der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zougeschriwwe ka ginn. Ausser der Tatsaach, datt sou een abrupte Modalwiessel net geplangt war (kuckt d'Fro virdrun), ginn et e puer méiglech Erklärungen dofir:

  • D'Präisser vum ëffentlechen Transport waren och scho virum 1. Mäerz 2020 verständlech a bezuelbar (50 Euro fir en nationale Mountabonnement, 4 Euro fir en Dagesticket).
  • Nëmmen dräi Wochen no der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport, huet d'Lëtzebuerger Regierung beispilllos Gesondheetsmoossname getraff fir d'COVID-19 Pandemie ze bekämpfen. Als Resultat goung d'Reesleeschtung (d.h. di gereesten Distanz) op der Lëtzebuerger Infrastruktur erof. An der nodréiglecher Phase vun Onsécherheet an neie Moossnamen huet sech d'Situatioun nëmme lues erholl an ass wuel nach ëmmer net komplett. Tatsächlech kann d'Pandemie d'Mobilitéitsverhale verännert hunn. Eng entscheedend Ännerung war déi séier a verbreet Aféierung vun Teleaarbecht, wat kéint an e puer Secteuren vun der Ekonomie unhalen.
  • Iwwerdeems de COVID d'Mobilitéit insgesamt reduzéiert huet, huet sech d'Mobilitéitsoffer zu Lëtzebuerg verbessert. Zum Beispill huet d'Verlängerung vun der Tramslinn vun der Stad Lëtzebuerg bis op d'Gare centrale am Dezember 2020 d'Zuel vun de Passagéier op dëser Tramslinn ëm 450% erhéicht an den ëffentlechen Transport insgesamt méi attraktiv gemaach. Dofir, an och ouni Pandemie, sollt all Verglach vum Modal Split tëscht Januar 2020 (ier de gratis ëffentlechen Transport agefouert gouf) a Januar 2021 (wéi dësen gratis war) den Impakt vun dëse fundamentale Verbesserungen op d'Offer vum ëffentlechen Transport berücksichtegen.
  • D’Donnéeën iwwert d’Notze vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, d.h. d'Zuel vun de Passagéier op déi verschidden Offeren am Laf vun der Zäit, sinn onkomplett an ongläichméisseg tëscht den eenzelen Transportmëttel verdeelt. Zum Beispill sinn all Tramme voll mat automatesche Passagéierzielsystemer equipéiert, awer nëmmen déi neisten Zich an ongeféier d'Hallschent vun alle Regionalbussen. Den neien "Digitalen  Observatoire vun der Mobilitéit - www.ODM.lu" vum Ministère soll dobäi hëllefen dës Erausfuerderungen an den nächste Joren ze bewältegen.
Gouf et speziell Bedenken iwwer de gratis ëffentlechen Transport an hunn dës Bedenken sech als berechtegt erwisen?

Ee vun de Bedenke war, datt den ëffentlechen Transport vun opportunistesche Passagéier iwwerschwemmt gëtt, déi den existente Benotzer géifen d'Kapazitéit wech huelen. Och wann et e puer wëllkomm Beweiser fir en zousätzlechen opportunisteschen Notze vum ëffentlechen Transport gouf, huet dëse Faktor eleng zu kenge Kapazitéitsbeschränkungen gefouert.

En heefeg expriméierte Stereotyp war datt d'Leit "gratis" mat "schlechter Qualitéit" géife gläichstellen, a sou nei Benotzer decouragéieren den ëffentlechen Transport ze probéieren.

Dëst huet sech op alle Konten als falsch erausgestallt. Ausserdeem, duerch déi weider Kommunikatioun vun der Regierung iwwer déi reell Wichtegkeet vun hiren Investitiounen an den ëffentlechen Transport, ass dem Public bewosst datt d'Steiergelder den ëffentlechen Transport bezuelen an datt hire Service weder bëlleg nach vu schlechter Qualitéit ass.

Schlussendlech gouf gefaart, datt de Mangel un Ticketkontrolle d'Sécherheet an d'Hygiène an den ëffentlechen Transportmëttele reduzéiere géif. Fir dat ze verhënneren, ginn et ëmmer Preposéën op den Zich a Prozeduren existéiere fir falscht Behuelen aus Zich, Tram a Bussen erauszekréien.

Wéi eng zentral Roll spillt de gratis ëffentlechen Transport an der Lëtzebuerger Verkéierspolitik?

Am Kär vun der Lëtzebuerger Mobilitéitsstrategie stinn nohalteg Investitiounen an eng wierklech multimodal Transportoffer, sou wéi dat am nationale Mobilitéitsplang 2035 (www.pnm2035.lu) uginn ass. Lëtzebuerg huet an de leschte Joerzéngt méi an den ëffentlechen Transport an aktiv Mobilitéit investéiert wéi an Infrastrukturen déi sech ausschliisslech fir den Autostransport asetzen. Lëtzebuerg investéiert elo pro Awunner méi an d'Schinnemobilitéit wéi all aner Land an Europa. De gratis ëffentlechen Transport passt an dës Strategie. Wat d’Modalverrécklung ugeet, ass de gratis ëffentlechen Transport d'Kiischt um Kuch, ee Kuch besteeënd aus Investitiounen an eng kohärent a qualitativ héichwäerteg multimodal Transportoffer, déi de Public versteet.

Wéi verhällt sech de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg am Verglach zu de vill diskutéierten internationalen Tariffer, wéi zum Beispill dem 365€ Joresticket zu Wien oder dem däitschen Experiment am Summer 2022 mat engem Mountticket fir 9€?

De gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg deelt zwou Charakteristiken mat Initiativen wéi engem Joeresabonnement fir 365 Euro oder e Mountabonnement fir 9 Euro: en deckt e grousst geographescht Gebitt (an dësem Fall e ganzt Land) an ass einfach ze verhalen. Esou Tarifstrukturen gläichen d'Spillfeld wann et ëm d'Bequemlechkeet geet, andeems d'Benotze vun den ëffentlechen Verkéiersmëttelen esou einfach mécht wéi e Privatauto ze benotzen: et muss ee just bis zum ëffentleche Verkéiersmëttel trëppelen, eraklammen an zu der Destinatioun fueren.

Wéi gëtt de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg finanzéiert?

D’Subside fir den Transport ginn aus dem allgemenge Budget, d.h. aus Steierrecetten, finanzéiert. Wichteg ass ze bemierken, datt déi zousätzlech Subventioun, déi néideg ass, fir den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg komplett gratis ze maachen, net ofgezu gëtt, mä op déi ganz héich Budgete fir d'Verbesserung vun der Infrastruktur a multimodalen Transportoffer bäigefügt gëtt.

Ass gratis ëffentlechen Transport eng Léisung fir aner Länner, Regiounen oder Stied?

Eng gutt Tarifstruktur vum ëffentlechen Transport muss einfach ze verstoen an apgrägsam sinn; a si muss bezuelbar bleiwen, net nëmme fir Benotzer, mee och fir Opérateuren, déi bedeitend Ressourcen (Ticketen oder Subventiounen) brauchen fir an e Qualitéitsservice z'investéieren. Lëtzebuerg goung vun enger Positioun aus, wou d'Präisgestaltung scho ganz einfach war (all Ticketen hunn d'ganzt Land ofgedeckt), bezuelbar (4 Euro fir en Dagesticket, 50 Euro fir e Mountticket) a mat 90% oder méi subventionéiert war. Dofir, den ëffentlechen Transport komplett gratis ze maachen, war e weideren, wann och spektakuläre Schrëtt, wat den einfachen Zougang zum ëffentlechen Transport ugeet.

Eng attraktiv Tarifstruktur eleng geet awer net duer. De Schlëssel fir den ëffentlechen Transport grondsätzlech méi attraktiv ze maachen, läit an der Investitioun an eng qualitativ héichwäerteg multimodal Offer, déi sech net op spektakulär eenzel Projeten konzentréiert, mee éischter un déi deeglech Mobilitéitsbedürfnisser vun der Bevëlkerung ageet, wéi et a grouss representativen Ëmfroe festgestallt gouf. Eng glafwierdeg laangfristeg Strategie ze publizéieren fir d'Qualitéit vum ëffentlechen Transport ze verbesseren ass och wichteg, well et d'Benotzer berouegt datt verschidden Aspekter vum aktuelle Service, déi hinnen eventuell net gefällt, sech mat der Zäit verbesseren (www.pnm2035.lu).

Aktualiséiert