Ännerunge bei der Umeldung an technescher Kontroll vu Stroossegefierer

Proprietär, Titulaire an Detenteur vum Gefier

Firwat ass d’Bezeechnung vum "titulaire du certificat d’immatriculation" agefouert ginn?

D’Bezeechnung vum "titulaire du certificat d’immatriculation" ass duerch déi modifizéiert "directive 1999/37/CE du Conseil du 29 avril 1999 relative aux documents d'immatriculation des véhicules" agefouert a mat der Reform an de Code de la Route iwwerholl ginn.

Den Titulaire vum Certificat d’immatriculation ass d’physesch oder d’rechtlech Persoun, op déi d’Gefier ugemellt ass.

Wat versteet een ënnert dem Begrëff "titulaire du certificat d’immatriculation“?

Den Titulaire ass d’physesch oder d’rechtlech Persoun, op déi d’Gefier ugemellt ass, an déi obligatoresch am Certificat d’immatriculation agedroen ass.

Muss den Titulaire vum Certificat d’immatriculation eng Adress zu Lëtzebuerg hunn?

Jo - nëmmen déi rechtlech a physesch Persounen, déi eng Adress zu Lëtzebuerg hunn, kënnen am Certificat d’immatriculation als Titulaire agedroe sinn/ginn.

Ass et méiglech, als Independant ouni Wunnsëtz zu Lëtzebeurg e Gefier fir berufflech Zwecker zu Lëtzebuerg unzemellen?

Jo - d’Umeldung ass méiglech op Basis vun enger spezieller Autorisatioun, déi duerch de Minister, deen d‘Kompetenz iwwert de Stroosseverkéier huet, ausgestallt ka ginn.

D’Adress, déi um Certificat d’immatriculation steet, ass d’berufflech oder steierlech Adress zu Lëtzebuerg.

Ass et méiglech, datt den Employeur engem Employé, deen net zu Lëtzebuerg wunnt, ee Gefier zur Verfügung stellt?

Jo - dat ass méiglech. Allerdéngs kann déi Persoun net als den Titulaire am Certificat d’immatriculation stoen, virausgesat si huet keng lëtzebuergesch Adress.

Existéieren d’Bezeechnunge Proprietär an Detenteur net méi am Certificat d’immatriculation?

D’Bezeechnunge "Proprietär" an "Detenteur" gi weiderhi bäibehalen.

Allerdéngs muss bei der Umeldung vum Gefier obligatoresch den Titulaire vum Certificat d’immatriculation agedroe ginn. De Proprietär an den Detenteur kënnen am Certificat agedroen ginn, wa se ee Proprietéitsverhältnis kënnen noweisen, dee si als Proprietär respektiv als Detenteur ausweist.

De Proprietär esou wéi den Detenteur mussen eng lëtzebuergesch Adress hunn.

Ass e Proprietéitsnoweis fir d’Umeldung vun engem neie Gefier obligatoresch?

Fir all Umeldung vun engem neie Gefier ass et néideg, datt d‘Proprietéitsrechter dokumentéiert sinn. Am Fall wou de Besëtz ëfters ouni Immatrikulatioun gewiesselt huet, mussen déi néideg Noweiser virgeluecht ginn, fir all d’Transferte vun der Proprietéit virun der Umeldung kënnen ze dokumentéieren.

Muss ech bei der Umeldung vun engem neie Gefier all Kéier déi gesamt Proprietéitskette bei der SNCA virweisen?

Nee - d’Dokumentatioun vun de fréiere Proprietéitsiwwerdroungen ass net néideg, wann et ënnert den nofolgende Proprietären, déi keng Umeldung vum Gefier gemaach hunn, eng Persoun gëtt, déi entweder duerch eng gülteg TVA-Nummer oder duerch en offiziellen Noweis vun deem Land, an deem déi Persoun wunnt, d’Legalitéit dokumentéiert ka ginn an datt eng Autorisatioun fir e Commerce an der Europäescher Unioun oder der Schwäiz virläit.

Ass e Proprietéitsnoweis fir d’Umeldung vun engem Occasiounsgefier obligatoresch?

D’Presentatioun vun engem Proprietéitsnoweis ass net obligatoresch.

Allerdéngs gëtt just den Titulaire vum Certificat d’immatriculation agedroen, wa kee Proprietéitsnoweis ka virgeluecht ginn. An der Rubrik C.4b vum Certificat d’immatriculation gëtt d’Mentioun "n’est pas le propriétaire" iwwerholl.

An der zweeter Partie vum Certificat ass keng Mentioun vum Proprietär vum Gefier oder vum Titulaire vum Certifcat d’immatriculation vermierkt.

Am Fall vu méi private Venten, kann ech d‘Gefier umellen, och wann net all d’Kafverträg virleien?

Wann d’Dokumenter keng onmëssverständlech Identifikatioun vum Proprietär zouloossen, steet an der Partie I vum Certificat d’immatriculation just den Titulaire vum Certificat.

An der Rubrik C.4c steet d’Mentioun "n’est pas identifié par le certificat d’immatriculation comme propriétaire du véhicule".

An der Partie II steet keng Informatioun iwwert de Proprietär oder den Detenteur.

Wat muss ech maachen, wann ech net all d‘Informatiounen iwwert d‘Eegentumskette vum Gefier hunn an trotzdeem als Proprietär vum Gefier wëll agedroe ginn?

D’SNCA kann Iech als Titulaire an de Certificat androen, och wann net all d’Pièces justificatives virleien. Allerdéngs wäert Dir net als Proprietär agedroe kënne ginn. Nëmmen den Titulaire vum Certificat gëtt agedroen. An der Rubrik C.4c steet d’Mentioun "n’est pas identifié par le certificat d’immatriculation comme propriétaire du véhicule".

An der Partie II steet keng Mentioun iwwert de Proprietär vum Gefier oder dem Titulaire vum Certificat d’immatriculation.

Kann ech eng Mise hors circulation vun engem Gefier maachen, vun deem ech just den Titulaire sinn?

Eng Mise hors circulation vun engem Gefier ass méiglech, wann déi 2 Partië vum Certificat d’immatriculation bei der SNCA ofgi ginn.

Den Titulaire vum Certificat d’immaticulation kann allerdéngs eng Mise hors circulation temporaire vum Gefier ufroen, wann en d’Partie I vum Certificat d’immatriculation bei der SNCA ofgëtt.

U wie gëtt den Avertissement taxé geschéckt am Fall vun enger Infraktioun duerch en automatiséierte Sanktiounssystem?

Den Titulaire vum Certificat d’immatriculation gëtt consideréiert als déi Persoun, déi d’Gefier am Stroosseverkéier üblecherweis benotzt. D’Avertissements taxés ginn also un den Titulaire vum Certificat d’immatriculation geschéckt.

Immatrikulatioun a Receptioun vu Gefierer

Kann ech en neit Gefier zu Lëtzebuerg immatrikuléieren ouni en europäesche Certificat de conformité?

Fir e Gefier, wat net fir den europäesche Marché gebaut gouf a wat och keen europäesche Certificat de conformité huet, besteet d’Méiglechkeet, et iwwert eng national, individuell Geneemegung, iwwert eng national Typgeneemegung fir Gefierer, déi a klenge Serien hiergestallt ginn, oder iwwert eng europäesch, individuell Geneemegung unzemellen.

Wat muss ech maachen, fir eng national Eenzelgeneemegung oder eng national Typgeneemegung fir Gefierer, déi a klenge Serien hiergestallt ginn, ze kréien?

Fir e Gefier unzemellen, wat keng Typ- oder Eenzelgeneemegung huet, muss dëst Gefier bei engem agreéierten techneschen Déngscht presentéiert ginn. Eng Lëscht mat den techneschen Déngschter ass op dem Internetsite vun der SNCA respektiv der SNCH ze fannen. En technesche Rapport vum Gefier gëtt opgestallt en vue vun dem Ausstelle vun enger Eenzelgeneemegung, enger Typgeneemegung fir Gefierer, déi a klenge Serien hiergestallt ginn, oder enger europäescher Eenzelgenehmegung vun der SNCH.

D’SNCA kann d’Gefier nëmmen umellen, wann d’Geneemegung, déi vun der SNCH ausgestallt gëtt, ka presentéiert ginn.

Kann ech zu Lëtzebuerg eng Occasioun ouni d’Original vum europäesche Certificat de conformité umellen?

Fir déi Gefierer, déi fir d’éischt virun der Aféierung vun der europäescher Typgeneemegung ugemellt gi sinn, ass den europäesche Certificat de conformité net néideg.

Fir déi Gefierer, déi fir d’éischt no dëser Aféierung ugemellt goufen, ass d‘Original vum europäesche Certificat de conformité néideg fir eng éischt Mise en circulation vum 1. Februar 2016 un.

Fir d’Gefierer, déi nom 1. Februar 2016 eng éischt Mise en circulation haten, kann den Certificat de conformité och als Kopie presentéiert ginn.

Fir Gefierer, déi net fir den europäesche Marché produzéiert goufen, ass d’Prozedur identesch.

U wie muss ech mech wenden, wann ech eng Modifikatioun un engem schonn ugemellte Gefier maachen?

Wann Ännerungen un engem Gefier gemaach ginn, déi d'Ännerung vum Certificat d’immatriculation erfuerdert, muss d'Gefier bei engem geneemegten techneschen Déngscht presentéiert ginn, deen en technesche Bericht mat den Ännerunge virbereet. Op Basis vum technesche Bericht kann d'SNCA d'Ännerungen um Certificat d’immatriculation androen.

Wat ass den Delai, fir d‘Modifikatiounen am Certificat anzedroen?

Wann Ännerungen um Gefier virgeholl ginn, déi Modifikatiounen um Certificat d’immatriculation erfuerderen, ass d'Benotzung vum Gefier op ëffentleche Stroosse verbueden, ausser Dir hutt eng richteg ausgefëllten Attestation de transformation. Ouni dës Attestatioun ass d'Benotzung vum Gefier nëmme méiglech, nodeems en technesche Bericht vun engem agreéierten techneschen Déngscht ausgestallt gouf. Wann d‘Gefier nach ee gëltege Certificat de contrôle technique huet, muss d’Androen am Certificat d‘immatriculation spéitstens virun dem nächste Contrôle technique gemaach ginn, woubäi dës Period net méi wéi zwee Méint nom Ausstellungsdatum vum technesche Bericht oder der Attestation de transformation dierf sinn.

Wéi eng nei Kategorie vu Gefierer gëtt et?

Laut dem "règlement n° 168/2013 du Parlement européen et du Conseil du 15 janvier 2013 relatif à la réception et à la surveillance du marché des véhicules à deux ou trois roues et des quadricycles" souwéi dem "règlement n° 167/2013 du Parlement européen et du Conseil du 5 février 2013 relatif à la réception et à la surveillance du marché des véhicules agricoles et forestiers" ass Lëtzebuerg verflicht, d'Definitioune vu bestëmmte Stroossegefierer an dat nationaalt Gesetz ëmzesetzen oder existéierend Definitiounen ze änneren.

Konkret sinn dat Gefierer vun der Kategorie "L", méi genee "L1" bis "L6", déi elo ënnert dem Numm "L1e" bis "L6e" an de Code de la route agefouert gi sinn.

D’Bezeechnung vun de Gefierer aus de Kategorien "R", "S" an "T" ginn en fonction vun der maximaler Vitess par construction geännert.

Plackennummeren

Wat fir Ännerungen gëtt et bei de Plaquennummeren?

Momentan ginn et zwee Systemer fir d’Plackennummeren. Et gi personaliséiert Placken, déi u physesch oder rechtlech Persounen attribuéiert sinn, an et gi Plackennummeren aus der Serie courante, déi un d’Gefier attribuéiert sinn.

Dëst féiert bei de Proprietäre vu Gefierer oft zu Onsécherheeten, wéi se bei der Vente vum Auto solle virgoen. An Zukunft wäerten d’Plackennummeren ëmmer un d’Persoun gebonne sinn, onofhängeg dovunner, ob et sech ëm eng personaliséiert Plack oder ëm eng aus der Serie courante handelt.

Beim Verkaf vun engem Gefier muss dofir d’Nummereschëld ofmontéiert ginn, well d‘Plackennummer eben net méi op den Auto attribuéiert ass, mee op den Titulaire vum Certificat d’immatriculation.

Wéi ginn d’Plackennummere verginn?

En vue vun der Immatrikulatioun vun engem Gefier kann an Zukunft den Titulaire vum Certificat d’immatriculation eng Reservéierung fir eng personaliséiert Plackennummer oder eng Plackennummer aus der Serie courante maachen.

D’Reservéierung vun der Plackennummer ass fir 1 Joer gülteg. Bei der Umeldung vum Gefier mat enger reservéierter Plackennummer gëtt dës un den Auto esou wéi un d’Persoun, op déi d‘Plackennummer reservéiert war, gebonnen.

Wann ech eng Plackennummer reservéieren, wéi laang bleift dës op mäin Numm reservéiert?

D’Reservéierung ass fir 1 Joer gülteg.

Gëtt eng personaliséiert Plackennummer reservéiert an d‘Tax fir dës Reservatioun net bannent dem Delai, deen d’SNCA vergëtt, bezuelt, da verfält d‘Demande an d’Plackennummer steet rëm aneren Demandeuren zur Verfügung.

Kann ech méi wéi eng Plackennummer reservéieren?

Grondsätzlech ass et méiglech, méi Plackennummeren ze reservéieren.

Fir Reservéierunge vu personaliséierte Plackennummeren ass allerdéngs eng Tax ze bezuelen.

Wéi vill kascht d’Reservatioun vun enger personaliséierter Plackennummer?

D’Reservatioun kascht 200 Euro fir eng personaliséiert Plackennummer.

Fir eng Plackennummer aus der Serie courante muss keng Tax bezuelt ginn.

Wann ech eng reservéiert Plackennummer net benotzen, kann ech dann d’Tax, déi ech fir d’Reservatioun bezuelt hunn, zeréckkréien?

Nee. Wann d’Plackennummer  1 Joer no der Reservatioun net benotzt gëtt, da verfält dem Demandeur säi Recht op d’Nummer an domadder och d’Recht, fir d’Sue kënnen zeréckzeverlaangen.

Wann ech zum Zäitpunkt, wou déi nei Bestëmmungen a Kraaft trieden, méi Nummere reservéiert hunn, muss ech da fir déi Nummeren d’Tax bezuelen?

Nee - fir personaliséiert Nummeren, déi scho reservéiert sinn, muss keng Tax bezuelt ginn.

Wann d’personaliséiert d’Kennzeechen nach ni op e Gefier vum Demandeur zougewise war, muss bei der Umeldung d’Tax vun 200 Euro bezuelt ginn.

Verléieren ech déi reservéiert Plackennummeren, wann déi nei Bestëmmungen a Kraaft trieden?

Nee - d’Gëltegkeetsdauer vun der Reservatioun gëtt ugepasst.

Wann d’Dauer méi wéi 1 Joer ass, da gëtt se op 1 Joer erofgesat. Wann d’Dauer manner wéi 1 Joer ass, da bleift déi aktuell Dauer bestoen.

Kann ech eng Plackennummer, déi engem Gefier schonn zougewise gouf, nach eng Kéier benotzen?

Jo - well d‘Plackennummer un den Titulaire vum Certificat d’immatriculation gebonnen ass, gëtt bei der Ofmeldung vum Gefier d’Plackennummer automatesch bei déi scho bestoend Reservéierungen dobäi gesat a ka bannent 1 Joer rëm benotzt ginn.

Wéi vill kascht et, wann ech eng Nummer rëm benotzen?

Wann ech eng personaliséiert Plackennummer rëm benotze wëll, kascht dat 24 Euro.

Nëmme bei der éischter Kéier kascht et 200 Euro.

Wéi vill kascht et, wann ech eng Nummer aus der Serie courante rëm benotzen?

Wann eng Nummer aus der Serie courante rëm benotzt soll ginn, muss dofir keng Tax bezuelt ginn.

Wéi vill kascht d’Umeldung vun engem Gefier mat enger personaliséierter Plackennummer oder enger aus der Serie courante, ofgesi vun de Käschte fir d‘personaliséiert Plackennummer?

D’Tax fir d’Umeldung vun engem Gefier, onofhängeg vun dem Benotze vun enger personaliséierter Nummer oder aus der Serie courante, kascht 50 Euro.

Kann ech eng op mäin Numm reservéiert Plackennummer op eng aner Persoun iwwerdroen?

Nee - et ass net méiglech, eng personaliséiert Plackennummer oder eng Plackennummer aus der Serie courante op enger aner Persoun ze iwwerdroen, wann d’Plackennummer schonn un ee Gefier gebonne war.

D’Iwwerdroung vun enger Plackennummer aus der Serie courante ass méiglech, wann déi Plackennummer nach u kee Gefier gebonne war. Personaliséiert Plackennummere sinn net iwwerdrobar.

Wéi eng Zorte vu Plackennummere ginn et?

Et ginn insgesamt dräi Zorte vu Plackennummeren:

  • 4-stelleg Plackennummeren;
  • 5-stelleg Plackennummeren;
  • oder Plackennummere mat 2 Buschtawen a 4 Ziffere fir all Stroossegefier, ausser fir Cyclomoteur a 4-riedreg "véhicules légers", ëmgangsproochlech 50ccm-Gefierer (déi e Kennzeeche mat 2 Buschtawen an 2 Zifferen hunn).
Gëtt et nach eng Waardelëscht fir 4-stelleg Plackennummeren?

Nee - de Prinzip vun der Waardelëscht gëtt ofgeschaaft an d’Zoudeelung/Reservéierung vun de 4-stellege Plackennummeren ass déi selwecht wéi bei de personaliséierten Nummeren.  

 Obligatoresch Haftflichtversécherung

Wat ännert sech um Niveau vun der obligatorescher Haftflichtversécherung am Beräich vun den Autoen?

Et gouf eng nei Datebank geschaaft, déi Informatioune beinhalt, ob e Gefier duerch eng Haftflichtversécherung (RCA), déi zu Lëtzebuerg obligatoresch ass, fir e Gefier unzemellen, ofgedeckt ass.

D'Versécherungsgesellschaft, déi zu Lëtzebuerg agreéiert ass, iwwermëttelt dem Gestionnaire vun der Datebank, an dësem Fall der SNCA, ob e Gefier duerch eng RCA ofgedeckt ass.

Wéi gëtt d’Umeldung vum Gefier mat der neier obligatorescher Datebank vun der Haftflichtversécherung vereinfacht?

Bis elo war et néideg, d’RCA am Guichet vun der SNCA mat der Demande d’immatriculation virzeweisen, fir e Gefier unzemellen.

Mat der Aféierung vun der neier Datebank kënnen d'SNCA-Agenten digital kucken, ob e Versécherungsvertrag fir d'Gefier ofgeschloss ass.

Ab wéini brauch een d‘Assurance net méi a Papeierform ze presentéieren?

Déi nei Datebank ass bei der SNCA ab dem 1. November 2023 operationell. Fir datt d'Versécherungsgesellschaften awer hir IT-Systemer kënnen upassen, gëtt hinnen eng Iwwergangsphas vun engem Joer accordéiert.

Soubal d'Betriber hir Systemer ugepasst hunn, kënne si der SNCA d'Couverture vun engem Gefier matdeelen. Vum 1. November 2024 u mussen all Versécherungsgesellschaften dës Informatioun elektronesch matdeelen.

Maximal zoulässeg Massen

Wat ass déi zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 2 Achsen?

D’zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 2 Achsen ass 19 Tonnen.

Wat ass déi zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 3 Achsen?

D’zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 3 Achsen ass 26 Tonnen.

Wat ass déi zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 4 Achsen?

D’zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 4 Achsen ass 32 Tonnen.

D’zoulässeg Gesamtmass vun engem Gefier mat 4 Achsen dierf allerdéngs op 39 Tonnen erhéicht ginn, wann:

  • déi héchstzoulässeg Achslaascht op der Tandemachs net méi wéi 11,5 Tonnen ass;
  • d’Gefier en elektronesche System huet, mat deem d’Massen op den Achse kënne gemooss ginn;
  • déi technesch zoulässeg Héchstmass vum Gefier sou wéi déi op den Achsen net iwwerschreit gëtt.
Wat ass déi zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 5 Achsen?

D’zoulässeg Héchstmass fir e Gefier mat 5 Achsen ass 32 Tonnen.

D’zoulässeg Gesamtmass vun engem Gefier mat 5 Achsen dierf allerdéngs op 50 Tonnen erhéicht ginn, wann:

  • déi héchstzoulässeg Achslaascht vun dësen Achsen net méi wéi 11,5 Tonnen ass;
  • d’Gefier en elektronesche System huet, mat deem d’Massen op den Achse kënne gemooss ginn;
  • d'Gefier op d'mannst 3 lenkbar hydraulesch Achsen huet.
Wéi ass d’Prozedur, fir e Gefier mat 4 oder 5 Achse mat enger zoulässeger Gesamtmass vun 39 oder 50 Tonnen unzemellen?

Bei der Umeldung vun engem Gefier mat 4 oder 5 Achse gëtt déi technesch zoulässeg Héchstmass aus dem Certificat de conformité an de Certificat d’immatriculation agedroen.

Den Titulaire vum Certificat d’immatriculation muss keng zousätzlech Demande méi bei der SNCA maachen, fir d’zoulässeg Héchstmass eropzesetzen.

Wéi ass et mat de Gefierer, déi mat Opbaute wéi engem Kran oder engem Ampli-Roll-System ekipéiert sinn?

Gefierer dierfe mat Opbauten ekipéiert ginn. Allerdéngs gëtt déi zoulässeg Héchstmass net méi eropgesat. D’Gefier verléiert entspriechend dem Gewiicht vun der Opbaut un Notzlaascht.

Dierfe Gefierer, déi scho mat Opbauten ekipéiert sinn, weiderhin op der Strooss fueren?

Jo - zougeloosse Gefierer, déi mat Opbauten ekipéiert sinn a vun der Erhéijung vun der zoulässeger Héchstmass profitéieren, dierfe weiderhin op der Strooss fueren.

Kann de Minister d’Erhéijung oder d’Erofsetze vun der zoulässeger Héchstmass oder vun der zoulässeger Achslaascht en vue vun der Immatrikulatioun vun engem Gefier autoriséieren?

Jo - de Minister kann Autorisatiounen ausstellen, duerch déi d’Héchstmasse vu Gefierer oder hiren Achsen erhéicht oder reduzéiert ginn. Esou e Gefier dierf awer nëmme mat enger spezieller Autorisatioun am Stroosseverkéier beweegt ginn.

Dës speziell Autorisatioun gëtt konform zu den Dispositioune vum Règlement grand-ducal vum Transport exceptionnel ausgestallt.

Gëllen déi Héchstmassen, déi am Code la Route festgeluecht sinn, fir speziell Gefierer vun der Arméi, vun der Police grand-ducale a fir Maschinnen, déi méi séier fuere wéi 40 km/h?

Nee - déi am Code de la Route festgeluechten Héchstmasse gëlle fir dës Gefierer net.

Beweeglech Héichgeschwindegkeetsmaschinne mat enger Mass vu méi wéi 60 Tonnen oder enger Achslaascht vu méi wéi 12 Tonnen dierfen nëmme mat enger spezieller Autorisatioun am Verkéier beweegt ginn.

Hu Gefierer mat alternativen Undriffsystemer eng méi héich zoulässeg Héchstmasse wéi Gefierer mat normale Verbrennungsmotoren?

Jo - bei Gefierer, déi mat alternativen Undriffsystemer ugedriwwe ginn, kann déi zoulässeg Héchstmass, déi fir dës Technologie néideg ass, erhéicht ginn, ouni datt d’Erhéijung méi wéi eng Tonn ass.

Hunn emissiounsfräi „véhicules utilitaires“ eng méi héich zoulässeg Héchstmass wéi d’Gefierer mat engem Verbrennungsmotor?

Jo - Nullemissiounsgefierer kënnen eng méi héich zoulässeg Héchstmasse hunn:

  • fir en 2-achsege véhicule utilitaire : 20 Tonnen amplaz vun 19 Tonnen;
  • fir en 3-achsege véhicule utilitaire : 28 Tonnen amplaz vu 26 Tonnen;
  • fir en 3-achsegen Omnibus : 28 Tonnen amplaz vu 26 Tonnen;
  • fir en 3-achsege Gelenkbus : 30 Tonnen amplaz vun 28 Tonnen; 
  • fir en ensemble de véhicules couplés : 46 Tonnen amplaz vu 44 Tonnen.

Domadder verléieren dës Gefierer net u Charge utile duerch hir Technologie.

Elektroneschen Dispositif fir d'technssch Kontroll

Wat kann ee sech ënnert dem Diagnosinstrument "On-board-Diagnostics (OBD)" am Bezuch op d'technesch Kontroll virstellen?

D‘Kontrollstatioune mussen d'technesch Kontroll mat Hëllef vum OBD-System duerchféieren. Den OBD-System gëtt dofir mat der elektronescher Schnëttstell vum Gefier verbonnen, wann Donneeë fir dësen Typ vun Auto virleien. Mat Hëllef vum OBD-System sollen eventuell Feeler vu wichtege Systemer vum Auto ausgelies ginn.

Ass den Uschloss vun dësem OBD–System bei enger technescher Kontroll virgeschriwwen?

Jo - fir d'technesch Kontroll duerchzeféieren, muss den Inspekter en Outil un déi elektronesch Schnëttstell vum Gefier uschléissen, fir eng elektronesch Iwwerpréiwung vu bestëmmten technesche Komponente vum Gefier virzehuelen.

Wéi ginn déi verschidde vum OBD-System festgestallte Feelerursaachen interpretéiert?

Eng Sammlung vun techneschen Informatioune vun den Hiersteller vu Gefierer gëtt an de Kontrollstatioune vun enger externer Gesellschaft zur Verfügung gestallt.

Heibäi handelt et sech ëm technesch Informatiounen iwwer:

  • de Bremssystem;
  • d'Steierung;
  • d'Sichtverhältnisser;
  • d'Reflekteren;
  • d'elektresch Ausrüstung;
  • d'Achsen;
  • d'Pneuen;
  • d'Fiederung;
  • d'Fuergestell;
  • d'Accessoirë fir d'Fuergestell;
  • aner Ausrüstung;
  • an d'Ëmweltbelaaschtung. 
Wéi eng aner Informatiounen iwwert d’Gefier gi vum OBD-System gespäichert?

Zousätzlech zu den Informatiounen am Zesummenhang mam Contrôle technique sammelt a späichert d’SNCA an enger Datebank de Kilometerstand vun engem Gefier, dee beim Contrôle technique iwwerpréift a mat dem leschten erfaasste Kilometerstand verglach gëtt, sou wéi Donnéeën zu den CO2-Emissiounen an zum Energieverbrauch.

Firwat ginn Donnéeën zu den CO2-Emissiounen an zum Energieverbrauch vu Gefierer gesammelt?

All Memberstaat vun der Europäescher Unioun ass verflicht, déi Donnéeën anonym an elektronesch un d’Europäesch Kommissioun konform zu der Duerchféierungsveruerdnung (EU) 2021/392 ze iwwermëttelen.

Kann de Proprietär vun engem Gefier oder den Titulaire vun engem Certificat d‘immatriculation d’Erhiewung vun den Donnéeën zu den CO2-Emissiounen oder zum Energieverbrauch verweigeren?

De Proprietär ka verlaangen, datt dës Donnéeë wärend enger technescher Kontroll net solle gespäichert ginn.

Ginn et zousätzlech Käschte fir d’Duerchféierung vun der technescher Kontroll mat Hëllef vum OBD?

Den Ubidder vun den techneschen Donnéeë vun den Hiersteller huet d’Recht op eng Entschiedegung pro kontrolléiertem Gefier. Dohier ass fir all technesch Kontroll, onofhängeg vum Asaz vum OBD-System, e Supplement vun 1 Euro HTVA ze bezuelen. De Montant gëtt op der Rechnung vun der Kontrollstatioun opgefouert.

Wat ass di fräiwëlleg technesch Kontroll?

All technesch Kontroll, dee virun der éischter virgeschriwwener reegelméisseger Kontroll gemaach gëtt, ass als fräiwëlleg technesch Kontroll ze consideréieren a féiert zu der Ausstellung vun engem neie Certificat de contrôle technique, deen den Zäitraum bis zum éischte virgeschriwwene Contrôle technique ofdeckt.

Zousätzlech zu der Aféierung vum fräiwëllege Contrôle technique ginn d’Bestëmmunge fir de Contrôle technique sou wéi d’Kontrollpunkten duerch e ministeriellt Reglement festgeluecht, fir kënne méi séier Ännerungen an der Iwwerteneestëmmung mat der technescher Entwécklung vu Gefierer ze garantéieren.

Zum letzten Mal aktualisiert am