Réorganisation RGTR 2022

Présentations digitales régions : Ettelbruck (18.11.2020), Wiltz (25.11.2020), Remich (26.11.2020), Hesperange (09.12.2020)
Sinn no der RGTR Reorganisatioun nach Ännerungen am Detail méiglech? Den neien Linneverlaf an den Horaire vu verschidde Linnen ass net ëmmer der Demande ugepasst.

Jo selbstverständlech. Mir si permanent a Kontakt mat der Mobilitéitszentral di Reklamatiounen a Suggestiounen asammelen, mat de Responsabelen vun de Gemengen a Schoulen esou dass mir, selon besoin, nach Upassungen kenne maachen. Och mam neien RGTR Reseau hu mir Kontrakter esou ausgeschafft dass mir punktuell Upassungen kenne maachen fir een optimale Service kënnen unzbidden.

Mäi Bus huet regelméisseg Verspéidung. Wéini a wou gi Busspueren a Busprioriséierung ausgebaut?

Busspueren a Busprioriséierung ginn an engem gemeinsamen Aarbechtsgrupp mat de Kolleege vun Travaux publics an de Ponts et Chaussées analyséiert a geplangt fir duerno vu Ponts et Chaussées ëmgesat ze ginn. Des Prioriséierung hunn ee ganz héije Stellewäert an der Planung vu Stroosseninfrastruktur, well nëmmen si erlaben en optimale Service fir den Notzer. Wéi bei all Infrastruktur ass eng Ëmsetzung awer oft schwiereg, oft mussen Terraine kaf ginn oder et ginn aner Contrainten, wéi zum Beispill beim Ëmweltschutz oder, dass Parkplaze laanscht Strooss missten ewechgeholl ginn.  Aus dësem Grond ginn am PNM 2035 Prinzippie fest geluecht, déi, ënner anerem, Busspuere fest an der initialer Planung vu verschiddene Stroossentype verankeren.

Duerch den neie Reseau mussen d’Benotzer méi oft ëmklammen. Gëtt an Zukunft Korrespondenz tëschent de verschidde Linnen dann och respektéiert?

Bei de Korrespondenze muss een ënnerscheeden tëschent programméierte Korrespondenzen, déi och um Fuerplang an an der Mobilitéitsapp als solch ugewise ginn, an zoufällege Korrespondenzen, déi entsti well zwou Linnen zoufälleg vum Horaire openee passen. Am Fall vu programméierte Korrespondenzen ass den Zoubréngerbus ugehale bis zu 10 Minutten ze waarde fir des Korrespondenz anzehalen. Fir dëst ze garantéieren ass d’Leetstell vun der "Administration des transports publics (ATP)" a permanenter Verbindung mat de Busbetriber respektiv mat de Buschaufferen. Am neie Reseau wäerten et dann och méi vun dëse garantéierte Korrespondenze ginn. Wat zoufälleg Connectiounen ugeet esou kann et sinn dass des bei Ännerunge vum Horaire oder och bei Verlängerunge vu Fuerzäiten duerch Stau verschwannen. An dësem Fall sollen d’Benotzer esou Problemer mellen, dass mir kennen evaluéieren ob et sech em eng substantiell Demande handelt an ob eventuell eng programméiert Korrespondenz geschaf ka ginn.

Firwat fiert meng Buslinn net méi duerch Stad, firwat muss ech op engem Pôle d’échange ëmklammen?

Prinzipiell ass ee Bus een extrem flexibelen Outil am ëffentlechen Transport well hien ob normale Stroosse fuere kann. Ausserdeem ass déi speziell Infrastruktur fir de Bus, virun allem am ländleche Raum, relativ einfach ze schafen. Wou ee Bussystem net méi funktionéiert, ass wann d’Demande u Leit déi sech ob engem gewëssen Tronçon wëlle beweegen ze grouss gëtt an ze vill Gefierer néideg sinn, déi sech da géigesäiteg behënneren an och ee grouss Plazbedarf um Terminus mat sech bréngen.

Wat an der Stad Lëtzebuerg nach speziell dobäikomm ass, war de Fait, dass verschidde Linne vum RGTR parallel zur AVL den Haaptronçon tëscht dem Kierchbierg, dem Zentrum an der Gare bedéngt hunn, dëst war néideg fir déi grouss Demande ob dësem zentralen Tronçon ze decken. Dëst huet awer de Problem mat sech bruecht, dass d’Offer net lieserlech war, an d’Benotzer net vun der Offer profitéiere konnten an, trotz enger bestoender Offer, léiwer ob “hire” Bus gewaart hunn. Dëst huet dunn oft dozou gefouert, dass Bussen hallef eidel duerch den Zentrum gefuer sinn an anerer, mat där nämmlechter Destinatioun, iwwerfëllt waren. Dëse Problem war laang bekannt an et ass dofir jo och no Léisunge gesicht ginn. Déi Léisung déi finalement zeréckbehale gouf war den Tram an der Stad Lëtzebuerg, deen eng éischte Kéier en Detail am Modu vun 2012 virgestallt ginn ass, hei gouf och schonn en RGTR Netz skizzéiert (S. 67). Ob Basis vun dësen Dokumenter sinn all déi grouss Pôles d’échange definéiert an dimensionéiert ginn. Am Kader vun der Reorganisatioun vum RGTR sinn natierlech verschidden Upassunge gemaach ginn, déi gréisst ass de provisoresche Pôle d’échange Faïencerie. Prinzipiell handelt sech bei engem Pôle d’échange awer em eng schwéier Infrastruktur, déi vum éischte Konzept bis zur Realisatioun gären eng 5 bis 10 Joer brauch. Déi, wa se da bis en Place ass, natierlech grouss Contraintë fir d’Exploitatioun mat sech bréngt.

D’Funktioun vum RGTR ass d’Verbindung vun de wichtegen Zentre mat hirem Ëmland an ënnerteneen. D’Feinverdeelung innerhalb vun de Gemengen oder Stied läit prinzipiell an der Responsabilitéit vun de Gemengen.

Ech géif gäre mam Bus op d’Schaff fuere mee a menger Strooss ass nach kee Busarrêt amenagéiert. Wou kann ech do nofroen, wien ass dofir zoustänneg?

Den Amenagement vu Busarrête fält ënnert d'Kompetenz vun de Gemengen.

Firwat fiert meng Buslinn säit der Reorganisatioun ausserhalb der Spëtzenzäit just nach all Stonn? Soss ass all 30 Minutten e Bus komm.

Duerch d'Reorganisatioun vum RGTR Reseau hu mir vun der Geleeënheet profitéiert fir d’Offer nees méi equitabel an homogen ze maachen esou dat se elo der reeller Demande entsprécht. Dëst ass virun allem de Fall bei den Eurobuslinnen, déi virdrun och eng Desserten an der Stad Lëtzebuerg garantéiert hunn. Wéi schonn an der Fro zum Ëmklammen an der Stad erkläert, erfëllen des Linnen net méi des Funktioun. Et war awer genau dëst de Grond firwat déi Linnen an dem héijen Takt gefuer sinn.

Sollt et zou Enkpass um Niveau vun der Kapazitéit kommen, gëtt des Linn selbstverständlech mat zousätzleche Faarte verstäerkt.

Séit deem néie Fuerplang hunn ech Moies a Mëttes ëmmer méi Schwieregkeeten eng Sëtzplaz am Bus ze fannen.

Bei esou Fäll ass et wichteg eiser Mobilitéitszentral (Tel. 2465-2465) Bescheed ze soen. Och wa mir am permanente Kontakt mat de Busbetriber sinn, reegelméisseg Comptagen um Terrain maachen an automatesch Zieler an de Bussen hunn, kënne leider nach ëmmer esou imprevisibel Situatiounen entstoen. Esoubal mir all d’Informatiounen hunn, kënne mir schnell reagéieren an d’Linn mat zousätzleche Faarte verstäerken.

Firwat ass net all Busarrêt mat engem digitalen Afficheur equipéiert, gëtt dodru geschafft?

Wat d’Online Affichagen op de Busarrêten ugeet, muss een hei verschidden Elementer ënnerscheeden déi zu der digitaler Auskunft fir de Client um Busarrêt gehéieren:

  • "Fahrgastinformationsanzeiger": dat sinn déi digital Panneauen, déi nieft de Busarrête sti fir de Client iwwert d’Echtzäit vun hirem Bus ze informéieren. D’ATP plangt d’Bauphasen op strategesch wichtege Busarrêten an dës ginn an enker Ofstëmmung mam MMTP dobaussen um Terrain ëmgesat.
  • Digital Bildschiermer an de Busarrêten: dës huet d’Staat Lëtzebuerg flächendeckend fir hiren Territoire ëmgesat. Kuerzfristeg ass geplangt dat hei och d’RGTR Linne mat ugewise ginn, sou dat d’Informatioun fir de Client komplett ass.
  • "E-Papers" (een digitalen Aushangfuerplang): di gréisste Pilotprojete ginn an dësem Beräich aktuell vun der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht ëmgesat. D’ATP sammelt d’Erfarungen déi mat dëser néier Technologie gemaach ginn.

Allgemeng huet déi dynamesch Fahrgastinformatioun am Verglach zum klassesche Fuerplang bzw. Aushang um Arrêt vill Virdeeler fir de Client. Esou kënnen Echtzeitinformatiounen (z.B. Depart vum Bus) a weider wichteg Sonderinformatiounen (z.B. Baustellen) duergestallt ginn. Weider Funktioune wéi d’Beliichtung vum Display awer och eng Text-to-Speech Funktioun kënnen d’Qualitéit vun der Informatioun weider verbesseren.

Wëll d’ATP landeswäit aktiv ass, an eng Responsabilitéit huet vis-a-vis vun all de Clienten am Land, wier eng phaseweis a gerecht Ëmsetzung regional genau ze plangen. Agrëff un den Haltestelle befannen sech am Verwaltungsberäich vun de Gemengen. An dësem Sënn mussen d’Zoustännegkeeten an dësem Beräich definéiert ginn. D’Ressourcë fir d’Iwwerwaachung, d’Verwaltung an d’Wartung vun den eenzele Geräter musse genau ofgeklärt an ofgestëmmt sinn, ier ee Projet legitim kann ëmgesat ginn.

D’ATP mécht eng Auswäertung wéi sech déi néi Displaye an de Pilotprojeten an der Praxis bewäert hunn, ier eng flächendeckend Ausstattung ugestrieft ka ginn.

Eist Ziel ass et d’Erwaardunge vun de Clientë mat Hëllef vun dësem Feedback an Zukunft beschtméiglech ze erfëllen.

Den néie Pôle d’échange Rocade respektiv de Pôle d’échange Luxexpo sinn nach ëmmer deels am Chantier. Wéini ginn des Pôles d'échange endlech méi frëndlech fir de Client?

[ Äntwert ass a Virbereedung a kënnt deemnächst online ]  

Wei gesäit et aus mam Schülertransport, ass do och eng Reorganisatioun virgesinn?

Jo, de Schülertransport gëtt an den nächste Méint ugepaakt a mir wäerten d’Offer verbesseren esou dass mir fir 2022 e besseren a méi koherente Schülertransport kënnen ubidden, haaptsächlech fir déi Schüler déi am Anzuchsgebitt vun engem Lycée wunnen.

Mir hoffen duerch dës Froen & Äntwerte konnte mir Iech weiderhëllefen. Sollt Dir an dëse FAQ nach keng Äntwerten ob är Fro kritt hunn, kënnt Dir eis gären eng Mail un communication@mmtp.etat.lu schécken. Déi gëtt da vun eise Collaborateure beäntwert an hei op dëser Plaz online gesat.

Dernière mise à jour